Radioen

On air

Moiesstudio  |  Moiespanorama

play_arrow Live
search

/ “Wann déi biergerlech Elitten ëmfalen”

Commentaire

“Wann déi biergerlech Elitten ëmfalen”

An de leschte Woche gouf viru rietsextremisteschen Tendenze bannent der ADR gewarnt. Esou geféierlech se och sinn: vläicht muss een esou Parteie manner fäerte wéi biergerlech Elitten, déi viru Rietsextremismus ëmfalen, mengt de Michel Delage an der Auslandschronik.

auto_stories

4 min

D'Feinde vu menge Feinden si meng Kolleegen. Dee Prinzip huet dat kanadescht Parlament de leschten 22. September demonstréiert. Wärend der Visitt vum ukrainesche President Zelensky waren d'Parlamentarier all opgestanen, fir een haut 98 Joer ale Mann mat enger Standing ovation ze würdegen. Widderstand géint Russland, déi grouss politesch Cause vum Moment, hat de Jaroslaw Hunka ëmmerhi schonn am Zweete Weltkrich geleescht.

Allerdéngs op der Säit vun Nazi-Däitschland, als Member vun enger ukrainescher Divisioun vun der Waffen SS. Wéi et schéngt haten déi kanadesch Politikerinnen a Politiker vergiess, datt hiert Land deemools op där anerer Säit stoung, also op der Säit vun all deenen, dorënner d'Sowjetunioun, déi d'Nazie bekämpft haten.

Sollt den zolitten Applaus fir den SS-Mann just e peinlecht Mëssgeschéck gewiescht sinn, fir dat sech de kanadesche Premierminister Justin Trudeau gemengt huet mussen z'entschëllegen an de kanadesche Parlamentspresident zréckzetrieden? Gouf sech hei net fir d'éischt emol à la lettre un de Credo vun der «bedéngungsloser Ënnerstëtzung fir d'Ukrain» gehalen? “Bedéngungslos” heescht jo: ouni Bedéngung.

Schutz vun alen Nazien? Eng NATO-Traditioun

Virun allem, wat hei als Accident duergestallt gëtt, huet a Wierklechkeet Traditioun. Et muss een ëmmer erëm drun erënneren, datt déi westlech Staaten, déi sech dann an der Nato versammelt hunn, nom Krich géigeniwwer nazistesche Massemäerder alles anescht ewéi ofgeneigt waren. Net nëmmen a südamerikaneschen Diktaturen, och am liberale Kanada goufen si mat oppenen Äerm empfaangen - et ware jo Anti-Kommunisten. Zwar Drecksäck, mee eis Drecksäck!

An den dräi baltesche Staaten - och si mëttlerweil an der NATO – ginn haut nach fréier SS-Memberen, déi och Judde massakréiert haten, an der Ëffentlechkeet mat Monumenter geéiert. Huet sech hei schonn iergend een dorunner gestéiert? Firwat dann och, déi Balten hate jo géint d’Russe gekämpft...

Géint Rietsextremismus... wann et opportun ass

De rezente parlamentaresche Virfall beim kanadeschen NATO-Alliéierten huet hei zu Lëtzebuerg kaum Reaktioune provozéiert. An dat ausgerechent zu engem Moment, wou d'Lëtzebuerger Press, kuerz virun de Walen, rietsextremistesch Tendenze bei der ADR entdeckt huet.

En Ausléiser vun där Serie vu Bäiträg war wuel e kollektiven Artikel an der Zäitschrëft Forum, an deem eng Partie Intellektueller zu Recht fir e cordon sanitaire géigeniwwer där Partei plädéiert hunn. Ënnert anerem well d'ADR eng «vëlkesch Ideologie» géif vertrieden, wärend ee vun hire Spëtzekandidaten sech souguer als Bewonnerer vum Drëtte Räich entlarvt hätt.

Nach am November d'lescht Joer stoung eng UNO-Resolutioun zur Ofstëmmung, mat där d'Glorifizéierung vum Nazismus sollt verurteelt ginn. Lëtzebuerg war ee vun 51 Staaten, déi, jo, géint deen Text gestëmmt haten. Och dat hat hei net weider fir Opreegung gesuergt: d'Resolutioun war jo vu Russland agereecht ginn - firwat sollt een dem Putin senger Propaganda an d’Hänn spillen?...

Nazi-Ideologie a Rietsextremismus gi bei eis also prinzipiell condamnéiert - ausser et ass politesch net opportun. A genee do läit déi gréisste Gefor!

Wéi déi biergerlech Elitte schonn emol ëmgefall waren

A senge berüümten Erënnerunge mam Titel «Geschichte eines Deutschen» hat de Schrëftsteller a Journalist Sebastian Haffner erzielt, wéi hien d'Jore virun an no der «Machtergreifung» duerch d'Nazien erlieft hat. Wat een als haitege Lieser erféieren deet ass natierlech d’Gewalt, mat där sech d'NSDAP deemools an der Ëffentlechkeet duerchgesat hat, a wat iwwregens de Mythos vun engem reng demokratesche Walsuccès vum Hitler Lige strooft.

Besonnesch erféiert aus haiteger Siicht d'Liichtegkeet, mat där déi biergerlech Elitten, ob liberal oder konservativ, dem Drock deemools noginn haten. Et ass d'Vitesse, mat där si zum Beispill den Ausschloss vu Judden aus alle Beräicher vum gesellschaftleche Liewen (Verwaltung, Justizwiesen, Gesondheetswiesen, Enseignement, Medien, asw.) akzeptéiert haten. Aus Angscht, aus Matleefertum, aus Opportunismus. Déi Leit sinn einfach virun den Nazien ëmgefall, woumat déi hir Dominanz konnten etabléieren.

Hautdesdaags denke grouss respektabel Parteien ëmmer méi haart driwwer no fir, aus walarithmeeteschem Kalkül, mat riets-extreeme Formatiounen ze paktéieren. An Éisträich ass dat scho méi laang d'Normalitéit. Wann ee kuckt wat an Däitschland passéiert, mécht manner d'Alternative für Deutschland Angscht, obwuel déi mëttlerweil – leschten Ëmfroen a regionale Walresultater no – bal all fënnefte Wieler schéngt unzeschwätzen. Fäerte muss ee vill méi déi gutt-biergerlech CDU, déi d'AfD als potentielle Koalitiounspartner net ausschléisst.

An eigentlech misst et engem kal ze Réck eroflafen, wann de moralesche Kompass an enger grousser liberaler Demokratie esou aussetzt, datt an hirem Parlament mat Begeeschterung an d’Hänn geklappt gëtt... zu Éiere vun engem Nazi.