Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Autumn Sweater - Drinks

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wann d'Nostalgie op eemol Loscht op d'Zukunft mécht

Album vun der Woch

Wann d'Nostalgie op eemol Loscht op d'Zukunft mécht

An hirem zweeten Album "The Breeze Grew a Fire" setzt déi US-amerikanesch Musekerin Mereba virun allem op d'Kraaft vun der Léift an der Resilienz. Si schäerft hir Visioun mat duussem a kristallklorem R’n’B, ouni dobäi hir Wuerzelen aus der Folkmusek ze vernoléissegen. Mat waarmen Erënnerunge kuckt si no vir a schaaft eng Energie, déi wéi de Wand d'Feier zum opflame bréngt a Loscht op d’Zukunft mécht.

auto_stories

3 min

Mereba "The Breeze Grew a Fire" | © Pitchfork
Mereba "The Breeze Grew a Fire" (Foto: Pitchfork)

D'Mereba hat an hirer Jugend ugefaange Gittar ze spillen, an hir éischt eege Lidder, déi si geschriwwen hat, wiere Folk-Songs gewiescht. Als Teenager huet si eng Zäitchen zu Atlanta gelieft. Hei huet si sech du mat Optrëtter op Rap-, Reggae- a Folk-Concerten duerch d'Indie-Zeen erduerch gespillt. Hiren diverse musikalesche Background huet si op eng kreativ Aart a Weis an der R'n'B Musek gefestegt. Gittar, Gesang a Backingvocals verschmëlzen zu engem hypnotesche Geflecht, an deem sech den Nolauschterer gäre verdreemen a verléiere kann, mee sech och wuelfillt.

Geographesch Rees an der Mereba hir Kandheet 

Fir déi nei Plack huet si sech, wéi fir hire viregten Album an EP, mam kalifornesche Produzent Sam Hoffmann zesummegesat. D'Resultat ënnerscheet sech dës Kéier awer ee gutt Stéck vun den anere Produktiounen. Et ass méi Gittar dran, alles kléngt méi ofgeronnt an d'Melodië si vill méi waarm.

Dat läit zum Deel un de sëllegen Erënnerungen, déi mat agefloss sinn. D'Mereba ass op verschiddene Plazen opgewuess, a wann een hir nolauschtert, spréngt ee vu Stad zu Stad. Et geet vun Atlanta bis op Los Angeles an Addis Abeba, der Haaptstad vun Äthiopien, aus där hire Papp kënnt. Aus deem Hin an Hier entsteet eng erfëllte Kloerheet, déi sech mat niwwelegen an dramhafte Momenter ofwiesselt.

Mat Resilienz a Léift géint Rassismus

D'R'n'B-Musekerin gouf am Bundesstaat Alabama gebuer an huet ee gudden Deel vun hirer Jugend zu Atlanta gewunnt. Dëst sinn alles Géigenden aus dem sougenannte Black Belt, enger Regioun, an där iwwer déi lescht Joerhonnerte vill Kotteng ugebaut gouf, an de Sklavenhandel deementspriechend eng grouss Roll gespillt hat. An de 60er war Atlanta och eng wichteg Stad fir d'Biergerrechtsbeweegung. Als Afroamerikanerin kennt d'Mereba d'Péng vum Rassismus, an där hält si eng hell Luucht entgéint. A fréiere Wierker vun hir gi Referenzen u Waffen- a Policegewalt mat Resilienz a Léift gekontert. Déi Lescht wieren elementar fir d'Liewen, a ginn och zum Kär vun hirem neien Album. Am schlëmmste Fall, an deem d'Léift d'Liewen net méi garantéiere kéint, géif se op d'mannst Méiglechkeet fir een Neistart ginn. Eng Aart relancéiert Gebuert. 

Dat ënnerlecht Kand kenneléieren 

Fir déi huet si net direkt no vir, mee fir d’éischt zeréckgekuckt. Fir d'Mereba, déi zanter hirer leschter Verëffentlechung Mamm gouf, wier et wichteg gewiescht fir sech mat hirem eegenen "ënnerleche Kand" ze verbannen. Dobäi gi Retrospektiven a Geschichten iwwer enk Bezéiungen dem Album d'Matière.

Communautéit ass hei wuel dat grousst Wuert. Et geet der Merena net dorëms fir sech mat Blécker an der Vergaangenheet ze verléieren, mee fir mat Erënnerungen an enger Léift fir de Passé een Zesummenhalt a virun allem eng Stäerkt fir d'Zukunft ze schafen. No beieneen ze sinn an zesummen eng Geschicht ze deelen. Eng gedeelte Léift, déi wéi een duusse Wand d'Feier opflame léisst.