search

/ Walkampf an Ungarn: De Viktor Orban kritt ëmmer méi Géigewand

Eng Woch virun de Walen

|
reading time

8 min

headphones

9 min

play_arrow

Walkampf an Ungarn: De Viktor Orban kritt ëmmer méi Géigewand

Den ungaresche Premier Viktor Orban setzt am Walkampf weider op eng Politik vun der Angscht. Säin Erausfuerderer Peter Magyar, deen an de Sondagë virläit, kann op eng heterogeen Wielerschaft bauen, déi virun allem eent wëllt: Den ungaresche Premier lassginn. Eis Reportage vun der Plaz

reading time

8 min

headphones

9 min

play_arrow
Den Oppositiounsleader Peter Magyar zu Örbottyán | © 100,7
Den Oppositiounsleader Peter Magyar zu Örbottyán (Foto: 100,7)

Lassgeet et op dësem Walkampfdag moies um 10 Auer. Den éischte Rendez-vous ass zu Örbottyan, eng hallef Stonn vu Budapest ewech, enger klenger Stad, an där manner ewéi 10.000 Leit wunnen. 

D’Haaptstrooss ass zougeparkt, op der Helde-Plaz matten an der Uertschaft trëtt op engem klenge Podest dee Mann op, dee fir d’éischte Kéier zënter 16 Joer reell Chance huet, de Viktor Orban als Premier ofzeléisen.

Haapt-Zil: Orban muss fort

Dat Zil spillt och bei der Motivatioun vun de ronn 50.000 Fräiwëllegen eng grouss Roll, déi bei de fënnef bis sechs Optrëtter den Dag vum Peter Magyar a senger “Tisza”-Partei hëllefen.

"Den Orban muss fort, hien ass net gutt fir déi ungaresch Bevëlkerung, 16 Joer Orban, dat bedeit Problemer"

Déi 50 Joer al Piroshka huet ee wäisse Gilet mat Tisza-Opschrëft un a steet hanner engem klengen Dësch, op deem just e puer Sticker mam Logo vun der Partei leien.

Um bloe Plakat hanner der klenger Bün steet “Most” - dat heescht “Elo”, ënnen drënner ass den “Vagy Soha”, wat “oder ni” heescht, duerchgestrach. 

Den Optrëtt vum Peter Magyar ass hei, genee wéi zwou Stonnen duerno, an der däitlech méi grousser Stad Gyaaal mat 22.000 Awunner, éischter onspektakulär. 

Gyál ass politesch fest an der Hand vun der Fidesz, der Partei vum Viktor Orban, trotzdeem ass d’Plaz virun der Gemeng och hei gutt gefëllt.

"Hello, Hello", de 45 Joer ale Magyar gëtt sech sportlech, an der Jeans, bloe Kaputzepullover. Mam ungaresche Fändel op der Schëller, geet hien duerch d’Leit, rëselt e puer Hänn a klëmmt op de Liwwerwon, vu wou aus hien seng Ried hält

Seng Ried meeschtens roueg, bal monoton. 

Peter Magyar: "Mir huelen eis dat zeréck, wat eis geklaut gouf"

Den Haaptsujet ass de Kampf géint d’Korruptioun. Wéinst de Verbrieche vum Viktor Orban ass Ungarn dat äermsten an am korruptste Land an der EU, esou de Peter Magyar. Hie seet: “Mir huelen eis dat zeréck, wat eis geklaut gouf” an hie versprécht, déi agefrueren EU-Sue fir Ungarn zeréckzebréngen, genee wéi dofir ze suergen, datt “Ungarn kee Marionettestaat vu Russland” gëtt.

"Russen eraus" an nees méi eran an d'EU

“Ruskik Haza” - “Russe raus”, gëtt skandéiert.

Datt de Peter Magyar sech am Géigesaz zum Viktor Orban kloer géint Russland a pro EU positionéiert, ass fir vill Leit ee wichtegt Argument fir den Oppositiounspolitiker.

Zum Beispill fir d’Ildikó Bárányi , déi sech an enger ONG géint korrupt Machenschafte vun der Fidesz a setzt.

"An de leschte Jore gouf et eng grouss Apathie a Passivitéit, elo hoffen d’Leit datt sech eppes ännert."

De Peter Magyar ass deen eenzegen, deen dofir suerge kann, esou d’Iwwerzeegung.

"Déi, déi ënnerwerfeg Moskau déngen" - zu Pécel trieden op der Fidesz-Veranstaltung Regime-Géigner op | © Stephan Israel
"Déi, déi ënnerwerfeg Moskau déngen" - zu Pécel trieden op der Fidesz-Veranstaltung Regime-Géigner op (Foto: Stephan Israel)

Positioune vum Peter Magyar sinn deels onkloer

Och wann seng Aussoen dacks net ganz kloer sinn, esou d’Ildikó Bárányi. Si wéisst bei enger Partie Sujeten, déi hir wichteg sinn, net wou den Tisza-Mann steet.

Et geet awer net drëm, ob een hie gären huet oder net. Wien ee Wiessel wëllt, muss mat him goen.

Onzefridde sinn der vill an Ungarn, seet no der Veranstaltung d’Anniko, um Wee fir bei hiren Auto.

D’Aide-Soignante schafft gréisstendeels am Ausland. Noutgedrongen, wéi si seet, well een an Ungarn net genuch an deem Beruff verdéngt.

"Ich verstehe das nicht, wir leben in Europa. Und wir sind momentan das letzte Land momentan in Europa. Dabei haben wir so große Chancen gehabt."

Eent ass och fir si sécher: Russland amplaz d’EU kënnt net a Fro.

"Als Schulkind, ich habe noch erlebt, als die Russen hier waren. Ich möchte nicht Richtung Russland oder Moskau gehen, das will ich nicht mehr."

Viktor Orban mécht Angscht-Walkampf

Nëmmen gutt 20 Kilometer nërdlech vu Gyál, zu Pécel, och um Bord vu Budapest, gëtt e puer Stonnen duerno den Nach-Premier Viktor Orban erwaart.

Säi Message ass um Wee dohin op grousse Plakater laanscht d’Strooss ze liesen: “Loosst eis zesummen hale géint de Krich”.

“Gefor” - steet op aneren Affichen, op deenen nieft dem Peter Magyar och de Wolodymyr Zelenskyj ze gesinn ass.

Den ukrainesche President ass ganz prominent am Orban senger Anti-Krichs-Campagne. “Mir bezuelen net”, steet zum Beispill ënnen op engem Plakat, mat senger Foto an der Mëtt, nieft deene vum EVP-Chef Manfred Weber an der Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen.   

Um Rond-point an der Entrée vun där klenger Stad Pécel sinn e puer Männer amgaangen een Transparent tëschent zwee Luuchtepottoen opzehänken.

Walkampf vun der Fidesz Partei zu Pécel an Ungarn | © Daniel Weber
Walkampf vun der Fidesz Partei zu Pécel an Ungarn (Foto: Daniel Weber )

Orban gëtt mat Géigendemo konfrontéiert

 “Wëllkomm op denger Good-Bye-Party Viktor Orban” steet op deem Transparent.

De Shandor, ee Software-Entwéckler, ass mat Kolleege vu Budapest ugereest, fir d’Fidesz-Veranstaltung ze stéieren.

"Hien huet eist Land futtigemaach, wann hie bleift hu mir keng Zukunft méi hei."

Mee et sinn och vill Orban-Unhänger op Pécel komm.

Direkt an der Entrée vum Perimeter, dee mat eisene Gelänner ofgespaart gouf, steet de Shod Kuruza mat sengem Stand voller ungarescher Fändelen.

Hie setzt sech fir ee Grouss-Ungarn mat de Grenze vu virun 1920 an. Deemools wéi nach Deeler vun der Slowakei, der Ukrain, Rumänien a Serbien zu Ungarn gehéiert hunn

Hien steet och no 16 Joer nach ëmmer hanner dem Viktor Orban, d’Korruptioun ass keen Theema.

Jidderee mécht Sënnen, hien ass trotzdeem dee beschte Choix.

Déi nämmlecht Iwwerzeegung gëtt et och an engem Grupp vun eelere Fraen, déi e puer Meter weider op d’Ried waarden.

"Mir sinn hei ,well mir de Viktor Orban ënnerstëtzen an och fir hie stëmme wäerten. Mir verurteelen déi Kritik géint hien, si ass eng Schan."

Orban warnt virum Krich a finanzielle Ruin

“Fidesz - dee sécher Wee”, steet um Plakat, virun deem de Viktor Orban seng Ried hält.

Säin Optrëtt ass am Verglach mam Peter Magyar méi opwänneg - Musek, eng professionell Bün, eng Light-Show an de rout-gréng-wäisse Landesfaarwen.

Säi Message ass ee ganz aneren, éischter een, deen de Leit Angscht maache soll: Wien Tisza wielt, ass fir de Krich an domat fir de finanzielle Ruin, well da vill Suen an d’Ukrain fléissen.

D’Géigendemonstrante kafen dat wéi ze erwaarden net of. Si halen de Fidesz-Unhänger direkt virun den Ofspärunge Plakater, op deenen “Ënnerwerfeg am Déngscht vu Moskau” ënner der Foto vum Orban an dem ungareschen Ausseminister Peter Szijárto steet.  

“Ech wielen op alle Fall fir Tisza”, seet d’Suzanna, déi d’Transparent op enger Säit festhält.

Dobäi ass déi jonk Fra, wéi eng Partie anerer, net 100 Prozenteg iwwerzeegt vun deem Choix.

Normalerweis géif ech eng aner Partei wielen, mee déi huet sech zu Gonschte vum Peter Magyar zeréckgezunn.

Hoffen op Verännerung

D’Hoffnung an deem Camps ass elo déi, datt de Peter Magyar, dee jo selwer fir d’Fidesz-Regierung geschafft huet, effektiv fir eppes aneres steet, wéi de Viktor Orban. 

Esou ganz sécher kann ee sech do net sinn, gëtt de Shandor zou.

Hoffnung jo - mee ouni Euphorie a mat enger Portioun Realismus -dat schéngt d’Astellung vun deenen Tisza-Wierler:innen ze sinn.

“Wann de Peter Magyar gewënnt, hält eis Aarbecht net op. Mir wäerten hien u seng Verspriechen erënneren”, annoncéiert hirersäits d’Ildiko Baranyi. 

Déi Verspriechen awer hält de Peter Magyar an dem Walkampf deels bewosst e bësse vag.

Et gëtt Theemen, wéi d'Ënnerstëtzung fir d’Ukrain oder awer och seng Positioun zu LGBTQIA+-Froen, déi hie guer net uschwätzt. Mee vläicht ass dat een Deel vun der Recette fir säi Succès.

play_arrow Lauschteren