Radioen

On air

Notturno  |  Lee Hazlewood - My Autumn's Done Come

play_arrow Live
search

/ Walkampf a Frankräich: Opbrochstëmmung fillt sech anescht un

Auslandschronik

Walkampf a Frankräich: Opbrochstëmmung fillt sech anescht un

E Sonnden ass et den éischte Waltour a Frankräich an domadder geet och e ganz kuerze Walkampf sou lues op een Enn. Amplaz vu groussen Iddien a Proposen dominéieren awer éischter parteiintern Streidereien a Schreckensvisiounen. Eise Korrespondent Max Tholl bléckt a senger Chronik nach eemol op déi lescht Wochen zeréck.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

© Bigstock / PaulMaguire play_arrow
(Foto: Bigstock / PaulMaguire)

Walkampf, nee dat trëfft et net wierklech, villméi huet Frankräich déi lescht Wochen e Walkrampf erlieft. D’Land huet e politeschen Hangover, ass gedeelt an zerstridde wéi scho laang net méi an dat zitt sech duerch all politesch Lager. 

Ugefaange beim lénks-grénge Bündnis Nouveau Front Populaire, dat sech als Géigegewiicht zum rietsextreme Rassemblement National beweise wëll. Mat vill Euphorie an Tatendrang ass een dëse Projet ugaang, knapp een Dag méi spéit gouf et schonn déi éischt intern Tensiounen, well d’Lénkspartei La France Insoumise e puer onbequeem Géigner vum Parteigrënner Jean-Luc Mélenchon vun hirer Lëscht gestrach hat. 

Tensioune vum leschte Bündnis sinn net iwwerwonnen

Datt d’Gauche an de Sondagen um Rassemblement National drubleift mécht Mutt. Et täuscht awer net doriwwer ewech, datt déi Tensiounen, déi dat lescht Bündnis vun de lénks-grénge Parteien, d’NUPES, am Dezember implodéiere gelooss hunn, nach laang net iwwerwonne sinn.

Ginn d‘Parteie vum lénks-grénge Bündnis sech iwwer d‘Kricher eens?

D’Erhéijung vum Mindestloun op 1.600€, eng nei Pensiounsreform fir déi vum President Macron ze ersetzen, den Ausbau vun erneierbaren Energien - dorop kann sech d’Bündnis eenegen. Mat Bléck op d’Kricher an der Gazasträif an an der Ukrain gëtt et awer méi Dissens. Nach wierkt den Nouveau Front Populaire éischter no pragmateschem Zweckbündnis ewéi no programmatescher Eenheetsfront.

RN weist sech selbstsécher

De Rassemblement National ass, gestäerkt vun der Victoire bei der Europawal an de positive Sondagen, selbstsécher opgetrueden. De Parteichef Jordan Bardella huet gëschter Owend beim leschten Televisiounsdebatt scho skizzéiert wéi seng Regierung wäert ausgesinn: prominent Nimm aus den eegene Reien, e puer Persounen aus der Zivilgesellschaft an nach e puer Gesiichter vun de konservative Les Républicains.

Ciotti huet d‘Brandmauer no riets an de Koup fale gelooss

Dorënner warscheinlech den Nach-Parteichef Eric Ciotti, dee mat senger Entscheedung eng Allianz mam RN ze schléissen net nëmmen déi skurrilst Episode vum Walkampf geliwwert huet, mee och seng eege Partei an d’Brandmauer no riets an de Koup fale gelooss huet.

De Rassemblement National probéiert sech als Regierungspartei ze inzenéieren an d’Normaliséierung vun der Partei virunzedreiwen.

Mee Proposen ewéi d’Ofschafung vum Droit du Sol oder d’Privatiséierung vun den ëffentlech-rechtleche Medie weise wéi vill geféierleche Populismus nach ëmmer an dëser Partei stécht.

Macron warnt viru Biergerkrich

An da wier do nach d’Macronie, déi sech bei dëser Wal e wéineg ze selbstsécher op den eegene Bilan verléisst an dorop, datt d’Wielerschaft vun den zwee anere Bléck riets a lénks ofgeschreckt gëtt.

Virun e puer Deeg nach huet de President Emmanuel Macron viru Biergerkrich gewarnt, sollten d’Extremer un d’Muecht kommen. De President wëll bis 2027 a sengem Amt bléiwen, egal wie säi Premier gëtt oder wéi komplizéiert d’Cohabitatioun sech kéint gestalten.

Et deit sech eng relativ héich Walbedeelegung fir e Sonndeg un. Aus Angscht? Aus Iwwerzeegung? Aus Protest? Sou genee léisst et sech net soen, mee Opbrochstëmmung fillt sech anescht un.

Lauschterenplay_arrow

(Geschriwwe vum Max Tholl)