Radioen

On air

Notturno  |  Brian Eno & John Cale - Spinning Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Walen an Hessen an a Bayern

Däitschland

Walen an Hessen an a Bayern

A Bayern bleift, de Sondagen no, d‘CSU mam Markus Söder kloer déi stäerkste Partei, kënnt awer net iwwer 36 oder 37 Prozent eraus. Spannung versprécht awer d‘Resultat vum Koalitiounspartner vu bis elo, de Freien Wählern, déi duerch e Skandal ëm hire Chef Hubert Aiwanger an d‘Labrente gerode war.

auto_stories

1 min

D‘Fro ass, ob déi Frei Wähler et op Plaz zwee packen, oder ob et déi gréng oder awer d'AFD gëtt. Lescht Ëmfroe gesinn d'SPD just bei 9 Prozent. An d‘FDP muss zidderen, ob si d'5 Prozent-Barriär fir an de Landtag eran iwwerhaapt packen. 9,4 Millioune Leit kënnen haut a Bayern wielen.

An och an Hessen gëtt gewielt - 4,3 Millioune kënnen hei hir Stemm ofginn. Ëmfroe soen der CDU an dem Ministerpresident Boris Rhein eng Victoire viraus. Hannendrun dierft et awer méi eng enk Course ëm déi zweet Plaz ginn. Dat tëschent SPD, Gréngen an AFD. An Hessen regéiert aktuell eng schwaarz-gréng Koalitioun.