Radioen

On air

Palatino FM  |  Palatino FM

play_arrow Live
search

/ Wale fir d'Landwirtschaftskammer: "Aktiv Bauere fir eng staark Landwirtschaft" de grousse Gewënner

D'Bauerenzentral kënnt op sechs Sëtz

Wale fir d'Landwirtschaftskammer: "Aktiv Bauere fir eng staark Landwirtschaft" de grousse Gewënner

Sechs Sëtz fir d’Bauerenzentral, fënnef fir d’”Aktiv Bauere fir eng staark Landwirtschaft” a véier fir “Zesumme méi staark”: Dat ass d’Resultat, bei de Baueren, vun de Wale fir d'Landwirtschaftskammer. Bei dës 15 Bauerevertrieder kommen der nach dräi vun de Wënzer an ee vun de Gäertner dobäi. Zu 19 ass d’Chambre d’agriculture da komplett. An eelef Deeg ass där hir Constituante, a bis dohin dierft nach vill geschwat ginn.

auto_stories

4 min

headphones

3 min

© Bigstock / AlexandrMusuc play_arrow
(Foto: Bigstock / AlexandrMusuc)

An dat, well et ee grousse Gewënner gëtt, an zwar d’Lëscht 3 “Aktiv Bauere fir eng staark Landwirtschaft”: Si koum vun null op fënnef Sëtz a ronn een Drëttel vun de Stëmmen. “Meng éischt Reaktioun ass wow”, sot dann och hiren Éischtgewielte Christian Hahn. Mat deem “wansinnege Resultat” hätt een dat erreecht, wat ee wollt.

“Mir wollten een Zeeche setzen, datt ee kann zesummen no vir kucken, als eng gemeinsam Landwirtschaft, och egal wat fir eng Kaart een huet. Mir sinn immens frou, aus dem Stand vun null Sëtz, well mir nei sinn, op fënnef, 33,24 Prozent, ze kommen.”

Et wier och gutt fir d’Landwirtschaftskammer, datt Jonker bis Mëtteljonker bäikéimen, an d’Baueren hätte mat hirme Vott gewisen, datt ee keng dräi verschidde Gewerkschafte méi wéilt. De Christian Hahn ass och houfreg iwwer säi perséinlecht Resultat.

“Aus dem Stand eraus Véiertgewielte vun all de Lëschten ze ginn ass immens. E flott Resultat.”

D’”Aktiv Bauere fir eng staark Landwirtschaft” wieren oppe fir Gespréicher, wéilten d’Landwirtschaft gemeinsam no vir bréngen, wëlle virun allem awer och berücksichtegt ginn.

Bauerenzentral: Ee Renouveau gëtt sech erwaart

D’Bauerenzentral huet mat hire sechs Sëtz der zwee verluer, bleift awer stäerkste Kraaft. An den Ae vum Guy Feyder wier de Sëtzverloscht ze erklären duerch déi drëtt Lëscht, déi bäikoum.

“Et schéngt jiddefalls kloer ze sinn - dat ass ee vun den zentrale Messagen, déi aus de Wale jo ervirginn - datt queesch duerch d’Land, ënnert de Cotisanten, e Renouveau erwaart gëtt, an ech mengen, dat muss ee consideréieren."

Et wier änlech wéi bei anere Walen, datt eng Zuel X u Lëschten untrëtt an dono de Rapport de forces zuenee gekuckt gëtt. Et wier nach ze fréi, fir iwwer Fonctiounen ze schwätzen, seet de Beschtgewielten. Et hätt een och nach kee Retour vun deenen Aneren an et misst ee sech Mol austauschen.

“Ech mengen allerdéngs elo, queesch duerch d’Land eng Erwaardungshaltung ze spieren, déi an déi Richtung geet, datt ee mat gréisstméiglecher Eenheet muss un déi Fro erugoen.”

Dës Wale waren net do, fir nei Grief opzeräissen an nei Fronten entstoen ze loossen, fënnt de Guy Feyder: Dat sollt ee vermeiden.

Marco Koeune: Och "Zesumme méi staark" huet seng Roll

De Marco Koeune vun “Zesumme méi staark” huet am 100,7-Interview op d’Fro geäntwert, ob seng zweet Plaz op der eegener Lëscht net e Bemol wier, genee sou wéi déi véier Sëtz fir dës Lëscht. Dat dierft een net esou gesinn, betount de Marco Koeune. Dat, well een als oppene Grupp ugetruede wier an eben och eng drëtt Lëscht entstaane wier. 

"Wann een als eenzege President op där Lëscht vun enger Allianz dann net Éischte gëtt, da kéint een dat sou ëmpfannen, mee ech sinn absolutten Teamplayer. Ech respektéieren all Resultat."

Et misst een d’Landwirtschaft no vir bréngen an net ausenee brieche loossen, huet de Marco Koeune gemengt: Dofir misst een dat Resultat wouerhuelen. Et wier op alle Fall e schlechte Message, wann een déi drëtt Lëscht géif lénks leie loossen. Dat wier net de But vun “Zesumme méi staark”, ënnersträicht de Marco Koeune,

“Et kéint eng Majoritéit ouni eis zustane kommen. Mir sinn net déi, déi um Drücker sinn, awer och keng Quantité négligeable, a mir hunn eis Roll ze spillen”.

Lauschterenplay_arrow