Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Nea Lone - Hey Boy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wafferou an der Ukrain: Firwat huet Russland nach net reagéiert?

Krich an der Ukrain

Wafferou an der Ukrain: Firwat huet Russland nach net reagéiert?

Moskau huet sech nach ëmmer net dozou positionéiert, ob och Russland bereet wier, eng Wafferou anzegoen. Wéi ass dat ze deiten a wéini ass iwwerhaapt mat enger Äntwert ze rechnen? Äntwerte vun eiser Korrespondentin Ina Hartwich aus Moskau. 

auto_stories

2 min

headphones

6 min

play_arrow

De Kreml hat de Mëttwoch matgedeelt, datt Russland drop géif waarde vun den USA iwwer de Waffestëllstand informéiert ze ginn. Moskau wier iwwerrascht gewiescht, seet d'Journalistin Ina Hartwich. Dat virun allem nom Eclat am Wäissen Haus. Iwwerdeems wéisst Russland net domat ëmzegoen, well de Wladimir Putin ëmmer erëm géif soen, e Waffestëllstand wier sënnlos. Elo géife si sech virsiichteg verhalen.

Et wier net ganz kloer, wat Moskau verlaange kéint, mee Moskau wéilt zimmlech vill, et wier net gesot, datt si dat kréien. Dowéinst géif de Wladimir Putin elo ofwaarden, esou d'Ina Hartwich. 

Eng Russland-frëndlech Ukrain als Zil 

De russesche President huet iwwerdeems um Mëttwoch d'Truppen an der Grenzregioun Kursk besicht a gesot, et sollt een de Rescht vun den ukraineschen Truppen aus Kursk verdreiwen. Dat war déi éischte Kéier zënter der Besetzung vu Kursk, datt de Wladimir Putin seng Truppen do besicht huet. Opfälleg war, datt hien ee Camouflage-Kostüm un hat. Dat wier keen Zoufall gewiescht a géif eng gewëssen Haltung weisen, seet d'Ina Hartwich.

“Man will zumindest zeigen, man ist im Krieg. Und man lässt sich nicht so einfach davon abbringen, was man eigentlich davon haben will.”

An de russesche President wéilt d'Ukrain demilitariséieren an d'Ukrain a senger aktueller Form zerstéieren, fir si ënner seng Kontroll ze bréngen.

Elo géif Russland op Zäit spillen. Et wéilt een et esou ausgesi loossen, datt Russland Fridde wéilt an d'Ukrain net.

Lauschtert dat ganzt Gespréichplay_arrow