All d‘Fäll, sief et Verdachtsfäll oder confirméiert Fäll, wieren antëschent isoléiert an ënner medezinescher Observatioun, heescht vu Säite vun der WHO. Domat wier de Risiko vu weideren Ustiechungen op ee Minimum reduzéiert, esou hire Generaldirekter.
Experte schléissen awer net aus, datt d‘Fallzuel nach e bësse kéint klammen, well et bei enger Infektioun bis zu 6 Woche laang kann dauere bis de Virus ausbrécht. D‘WHO recommandéiert dofir, datt all d‘Passagéier sollte bis Enn Juni iwwerwaacht ginn. Am Ganze ware ronn 150 Leit aus 23 Länner u Bord.