Radioen

On air

Notturno  |  James Blake - Retrograde

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vun der nächste Rentrée un: Keng 7e-Klasse méi am Secondaire général am Lënster Lycée

Net genuch Aschreiwungen

Vun der nächste Rentrée un: Keng 7e-Klasse méi am Secondaire général am Lënster Lycée

DeLënster Lycée wäert vun der nächster Rentrée u keng 7e-Klasse vum Secondaire général méi ubidden. Grond wier, datt d‘Aschreiwungen ze niddreg sinn, wärend d‘Aschreiwungen an de sougenannten europäesche Klasse staark zougeholl hunn.

auto_stories

1 min

Lycée Jonglënster | © Wikimedia Commons
Foto: Wikimedia Commons

Den Educatiounsminister Claude Meisch confirméiert a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierte Max Hengel, datt de Lënster Lycée keng 7e-Klassen am Secondaire général méi ubidde wäert.

Dem Minister no kéint den niddregen Interessi um Secondaire général och mat der Proximitéit zur Stad ze dinn hunn, wou d‘Schüler méi e breede Choix un ESG-Klassen a verschidde Lycéeën hunn.

De Rescht vun der schoulescher Offer am Lënster Lycée bleift bestoen. De Minister weist och drop hin, datt déi europäesch Klassen am Secondaire souwuel fir Schüler, déi an de Classique, wéi och fir Schüler, déi an de General orientéiert goufen, op stinn.