De Fliger wäert een Airbus A321 XLR sinn. D'Tickete wiere vun haut un disponibel, esou United Airlines op hirer Website. Newark läit just puer Kilometer vun New York fort.
Déi nei Route vun an op Lëtzebuerg ass eng vun zéng internationale Stied, déi United Airlines nei wäert ufléien.
Ministesch: Géif Attraktivitéit vu Lëtzebuerg weisen
D’Transportministesch Yuriko Backes begréisst déi nei Fluchstreck New-York Lëtzebuerg. Datt United Airlines ab Abrëll deeglech Flich ubidde wëllt, wier een Zeechen dofir, datt Lëtzebuerg en attraktive Standuert wier.
D’Entscheedung, dës Streck opzemaachen, wier awer eng reng kommerziell Decisioun an déi d'Politik net involvéiert gewieschtg wier, präziséiert d’Yuriko Backes.
"Ech mengen dat ass eng ganz gutt Noriicht fir eist Land, fir d'Connectivitéit vun eisem Land, fir d'Groussregioun, datt d'Leit, ob se privat an d'Vakanz oder fir d'Business op New York ze fléien, ass dat wierklech eng ganz gutt Noriicht."
De lux-Airport hätt United Airlines e Slot gi fir ab Abrëll deeglech am fréie Moien um Findel landen an am spéide Moien zeréck op Newark ze fléie ginn, seet d’Yuriko Backes. De Findel wier gutt opgestallt vir des zousätzlech Maschinne mat hire Passagéier ze empfänken, esou d’Yuriko Backes nach weider.