search

/ Vun ugepasstem Reesverhalen iwwer d'Afrostelle vum Klimawandel

Fro vun der Woch

|
headphones

3 min

Vun ugepasstem Reesverhalen iwwer d'Afrostelle vum Klimawandel

No enger Woch Fuesvakanz, wäerten um Findel vill Fligere landen, an d'Autobunnen aus den Alpen erop an eis Géigende wäerte strubbelvoll sinn. Dat an enger Woch, an där Lëtzebuerg als zweet Land weltwäit schonn déi natierlech Ressourcen opgebraucht huet, déi em eigentlech fir e ganzt Joer zoustinn.

headphones

3 min

© picture alliance / CHROMORANGE | Christian Ohde
(Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Christian Ohde)

Dofir war eis Fro vun der Woch: 

Hutt Dir Äert Reesverhale wéinst dem Klimawandel ugepasst? 

Et ginn eng Rei Leit déi soen, si hätten hiert Verhalen ugepasst, anerer soe si hätten dat net gemaach. Déi grouss Theemen, déi dobäi ëmmer erëmkomme sinn den Elektroauto oder och d'Fro, wéi wäit ee reest a virun allem och de Fliger ass en Theema.

"Ech vermeide Fluchreese wou nëmme méiglech", schreift eng Persoun op Facebook.

Eng Nolauschterin seet, si géif schonn zënter 11 Joer net méi fléien, mee zënter sechs Joer mam Elektroauto fueren.

"Haha, ech hoffen net méi wéi 200 Kilometer", esou eng sarkastesch Reaktioun op Facebook. Dozou sot d'Fra, déi mam Elektroauto fiert, awer dëst an enger Sproochnoriicht: 

"Et ass e ganz anert Reese mam Elektroauto, vill méi gemittlech. Et hëlt ee sech och méi Zäit, an déi Kommentaren, wou ëmmer kommen, do kënnt ee jo net wäit an esou virun, dat ass a mengen Aen einfach Blödsinn, well mir si schonn an Italie gefuer, mat véierzénghonnert Kilometer. Mir fueren och an Éisträich, op den Aachensee, mir sinn och a Frankräich scho gefuer, an hautdesdaags si spéitstens op all 200 Kilometer Schnellladestatiounen. Also ass et kee Grond fir do net endlech ëmzesteigen." 

Datt d'Upassungen eng Ëmstellung bedeiten ass e Feedback, dee méi dacks kënnt. Mee déi, déi et gemaach hunn, gesinn dat positiv.

Ginn et dann och Leit, déi vum Klimawandel näischt wëlle wëssen?

Jo, déi gëtt et. Op Facebook brauch ee jo just d'Stéchwuert Klimawandel ze benotzen, da kritt ee ganz séier Äntwerten, déi dat alles wëllen a Fro stellen.

"Wéi ee Klimawandel?", froen eng Rei User ënner eiser Fro vun der Woch.

An dat, an enger Woch an där et historesche Reen a Frankräich gëtt a Géigenden déi virun engem Joer nach verdréchent sinn. Den EU-Kommissär Christophe Hansen war sech a Portugal d'Ausmooss vu schlëmme Stierm a Staarkreen ukucken.

An: Lëtzebuerg huet als zweet Land weltwäit schonn no nëmmen annerhallwem Mount seng natierlech Ressourcë vun engem Joer verbraucht: Wa jiddereen esou géif liewe wéi mir hei am Land, da bräichte mir méi wéi siwe Planéiten. 

Verhalen upasse jo, mee net an der Vakanz 

Da ginn et awer och Leit, déi bei der Vakanz spezifesch näischt ännere wëllen.

"Ech fueren d'ganzt Joer mam Bus schaffen an hu mäi Reesverhalen net ugepasst", schreift eng Persoun op Facebook. An dëse Mann seet hie wéilt awer och nach wäit reesen a wéilt grad a senger aktueller Liewensphas profitéieren. 

"Mir maachen och trotzdeem Aktivitéiten a Lëtzebuerg, also touristesch Aktivitéiten, wou een zum Beispill an der Stad oder Veianen oder op all deene flotte Plazen hei am Land ka maachen. An, jo, ech denken, datt een am Alter vläicht och net méi esou ka reesen. An dofir profitéiert een elo, wann ee kann." 

Déi eng passen hiert Verhalen also am Alldag un, déi aner an de Vakanzen. A munchereen eebe léiwer guer net.