Am 19. Joerhonnert gouf et nach eng grouss Ongerechtegkeet: d’Zensuswalrecht. Just Männer iwwer 25 Joer, déi ee bestëmmte Montant u Steiere bezuelen, ware walberechtegt. Dëse Montant u Steieren ass mat der Zäit erofgaangen, sou datt 1913 ronn zwee Drëttel vun de Männer d’Walrecht haten, also ronn 30.000 Leit.
D'Fraewalrecht am Joer 1919: keng feministesch Tendenz
1919 ass dat allgemengt Walrecht agefouert ginn. Op ee Coup ass d’Zuel vun de Walberechtegten op wäit iwwer 120.000 geklomm. Am internationale Verglach koum dës Ännerung fir Männer zimmlech spéit, mee fir Fraen awer ganz fréi. Den Denis Scuto erkläert, datt dat mat verschiddene Phenomener zesummen hänkt. Schonn am 19. Joerhonnert ass dat allgemengt Walrecht vun de Sozialisten an den Aarbechterbeweegunge gefuerdert ginn. Mee réischt wärend der Revolutioun 1918 huet sech dës Propos konkretiséiert. Fir d’Situatioun ze entschäerfe versprécht den deemolege Staatsminister Émile Reuter vun der Rietspartei ee Referendum, dee sech ënner anerem ronderëm d’Staatsform dréint. Mee hannendrun stécht natierlech och ee Calcul: d’Droite ass dovunner ausgaangen, datt d’Frae konservativ géinge wielen, an domadder och d’Rietspartei stäerke géingen. Den Historiker betount awer, datt d’Notabilitéite vum 19. Joerhonnert dat kloer net wollten. Et waren also keng fréi Zeeche vu feministeschen Tendenzen.
Wéi sinn déi véier Walbezierker entstanen?
D’Gauche a Schach halen: dat war d’Motivatioun, fir déi véier Walbezierker anzeféieren. Am 19. Joerhonnert gouf et nach 12 Walbezierker. Ee pro Kanton. An dat war u sech eng Ongerechtegkeet vis à vis vun der Droite, wéi den Denis Scuto erkläert. Déi haten nämlech 1913 schonn 51 Prozent vun de Stëmmen, mee just 37 Prozent vun de Sëtz. Fir d’Sozialiste war kloer, datt mam allgemenge Walrecht et och just nach een eenzege Walbezierk sollt ginn. Domadder war d’Rietspartei awer net averstanen an hunn zwee Bezierker proposéiert. De Grond: d’Sozialiste waren immens staark am Industriekanton vun Esch ginn. A well d’Deputéiertenzuel mat der Awunnerzuel zesummen hänkt, ass een am Escher Kanton vun 3 Sëtz 1868 op 15 Sëtz 1916 geklomm. D’Rietspartei hätt gären den Escher Kanton beispillsweis mat Klierf oder Kapellen zesummegesat, fir deem entgéingt ze wierken. Schlussendlech gouf sech op déi véier Walbezierker gëeenegt, déi mir haut nach kennen.
Déi grouss Parteie profitéiere vun deem System, well se déi kleng op Ofstand kënnen halen. Am Oste brauch een zum Beispill 12,5 Prozent vun de Stëmmen, fir ee Sëtz ze kréien. Wann de Wieler dat weess – wat och de Fall ass – da gëtt hien de klenge Parteien ënner Ëmstänn keng Stëmm méi, well hie sech denkt, datt dee Vott souwisou näischt wäert ass.
Ass de System nach zäitgeméiss?
Aus der Siicht vun engem Historiker huet dës Entscheedung aus dem Joer 1919 also nach een enormt Gewiicht op eis haiteg Zäit. Deemools war et och d’Zil vun der Notabilitéit, d’Stabilitéit vum System ze garantéieren, a kleng Parteien a Beweegungen op Distanz ze halen.
Et ass kee Geheimnis, datt dee System net gerecht ass. Eng Stëmm am Zentrum ass méi wäert, wéi eng Stëmm am Norden. Den Denis Scuto erkläert och, datt déi véier Bezierker deemools de regionalen Differenzen entsprach hunn: am Süde méi Industrie, am Norde méi Landwirtschaft. Mee hautdesdaags ass d’Land vill méi divers. Eng national Wal soll sech op national Intresse bezéien, mee dat gëtt gekontert vun der Regionalitéit vun de Bezierker an dem Panachage, esou den Denis Scuto.
An à propos Ongerechtegkeeten: och iwwer d’Auslännerwalrecht misst ee schwätzen, esou den Historiker vun der Uni Lëtzebuerg. Schonn de Soziolog Fernand Fehlen sot, datt een haut nees d’Zensuswalrecht hätt. Deemools war mat knapp 120.000 Wieler bësse manner wéi 50 Prozent vun de Leit zu Lëtzebuerg walberechtegt. Haut sinn et der nach manner. Eng sachlech Diskussioun ass also néideg, sou nach nach den Denis Scuto.