Radioen

On air

Notturno  |  Hiatus Kaiyote - Everything's Beautiful

play_arrow Live
search

/ Vu Juli un: Téléconsultatioune beim Dokter ginn net méi rembourséiert

Santé

Vu Juli un: Téléconsultatioune beim Dokter ginn net méi rembourséiert

Vum 1. Juli u ginn d‘Téléconsultatioune beim Dokter wärend enger Rei Méint net méi vun der CNS rembourséiert. Dat deelt d‘Gesondheetsministesch via Communiqué mat. Dëst soll awer am Hierscht nees méiglech sinn.

auto_stories

1 min

Dokter Teleconsultatioun | © Bigstock
Dokter Teleconsultatioun (Foto: Bigstock)

D‘Méiglechkeet, fir sech vun engem Dokter iwwer Telefon oder Video beroden ze loossen, war wärend der Covid-Pandemie ageféiert ginn, fir den Accès zu de Soine weider ze garantéieren a gläichzäiteg ze verhënneren, datt de Coronavirus sech weider verbreet.

Déi deementspriechend Ordonnance vum Santésdirekter leeft allerdéngs elo Enn des Mounts aus, ouni datt schonn eng Alternativ en place gesat gi wier.

Aktuell géif un engem neie Kader geschafft ginn, fir datt d‘Téléconsultatiounen nees kënne rembourséiert ginn, heescht et weider am Presseschreiwes. Bis de Wanter sollten déi Modalitéite gekläert sinn.