Radioen

On air

Notturno  |  U.S. Girls - Futures Bet

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Votum Klima enttäuscht iwwer Klima-Konferenz zu Dubai

Aktioun am Kader vun der COP28

Votum Klima enttäuscht iwwer Klima-Konferenz zu Dubai

Votum Klima ass ganz a guer net zefridde mat der Aart a Weis wéi d‘Diskussiounen op der Klima-Konferenz de Moment lafen. Obwuel d‘ Wëssenschaft kloer géing soen dat ee komplett aus de fossille Brennstoffer misst eraus, géif ëmmer nees probéiert ginn esou eng Decisioun ze ëmgoen.

auto_stories

2 min

© Michelle Barthel
Foto: Michelle Barthel

Och de Fakt, datt d’COP28 dëst Joer zu Dubai, dem gréisste Pëtrolsexporter, gehale gëtt, kritiséiert d’Magali Paulus vu CELL.

“An wa mer héieren, datt de President vun der COP seet, dass mer keng “Science-bases”, also dass keng Science gëtt, fir ze soen, datt mer mussen aus de fossillen Energien erausklammen, an datt mer doduerch, wa mer aus de fossillen Energien erausklammen, datt mer da rëm zeréck an d' Grotte liewe ginn, also an d'Höle-Liewe ginn, ass dat fir eis sécher kee gutt Signal.” 

Lauschterenplay_arrow

D‘Späichere vun CO2 respektiv e méi niddrege Klima-Impakt vu fossille Brennstoffer wiere momentan keng realistesch Optioune well se technesch nach net räif wieren, schreift Votum Klima an engem Communiqué. 

Et wier an dem Sënn beonrouegend dat verschidden EU Staaten d‘Deklaratioun Higher Ambition net wéilten ënnerschreiwen, grad déi gesäit awer eng progressiv Sortie aus de fossille Brennstoffer vir. Och de Modell vun de fräiwëllege Kuelestoff-Kompensatiounen iwwer Emissiounsrechter wier eng falsch Pist. 

Bis elo géif d‘Konferenz haaptsächlech vun de Golfstaate genotzt fir hir Pëtrolsgeschäfter kënne weiderzeféieren sou nach Votum Klima. 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft