Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
search

/ Vollzäit schaffen oder Kanner doheem grousszéien: Een Dilemma?

Famill an Erzéiung

Vollzäit schaffen oder Kanner doheem grousszéien: Een Dilemma?

Wat ass besser: Vollzäit schaffen, genuch verdéngen an dofir d‘Kanner – deels gratis - betreie loossen? Oder Deelzäit schaffen, fir méi doheem ze sinn, an dofir awer op een Deel Loun verzichten? Dësen Dilemma war Theema beim éischten ëffentlechen Debat mam Familjeminister Max Hahn, dee vun dee vun der Chamber organiséiert ginn ass.  

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Vill Elteren zu Lëtzebuerg gesi sech mat deem Dilemma konfrontéiert. D‘Petitionärin Manuela Barilozzi huet hir Situatioun esou resuméiert:

"Et wëll ee méi fir d‘Kanner do sinn, mee et wëll een awer net manner schaffen, well da gëtt et manner an der Pai an da geet et net méi op."

Manner schaffe geet an d‘Geld, sou de Constat, woubäi d‘Kanner gratis kënnen an d‘Maison relais goen, wann d‘Eltere Vollzäit schaffen. Dofir fuerdert d‘Manuela Barilozzi eng Kompensatioun.

"Et muss awer méiglech sinn, datt op d'mannst een Elterendeel sech et erlabe kann, Hallefzäit ze schaffen, an dat geet just mat Ënnerstëtzung vum Staat."

Sinn d'Maison-relaisen iwwerfëllt?

Weider Observatioune vun der Petitionärin: d‘Maison-relaise wieren iwwerfëllt, an d‘Kanner, déi do sinn, iwwerfuerdert. An: Vill Kanner géife guer keng Plaz kréien. Eng Realitéit, mat där virun allem och déi mat spezifesche Besoine konfrontéiert wieren, wéi si aus hirem familiären Ëmfeld gewuer ginn ass.

Et gi landeswäit genuch Plazen an de Lëtzebuerger Maison-relaisen, mee a verschidde Gemengen a Regioune géifen et awer Problemer ginn, esou de Familljeminister Max Hahn. Hien huet och op de Koalitiounsaccord verwisen a betount, et géife vill Ulafstelle gi fir Persoune mat engem Handicap, mee d‘Informatioun géif net ëmmer do ukomme wou se misst.

"Dofir wëlle mir eng national Ulafstell grënne fir déi Elteren a Concernéiert, fir se net nëmmen ze informéieren an ze beroden, mee souguer och een Handicap ze definéieren."

Eng Kompensatioun wäert et net ginn

Vun den Deputéierten aus der Petitiounskommissioun koum zum Deel fir Verständnis fir d‘Lag vun den Elteren, déi sech schwéierdi fir sech tëscht Schaffen a Famill optimal anzedeelen. De Max Hahn sot dofir nach:

"D'Politik wëll ganz kloer déi Demande, déi et forcement dobausse gëtt, an déi och vun der Politik gedroe gëtt, ënnerstëtzen."

Datt eng Kompensatioun géif Realitéit ginn, wéi vun der Petitionärin gefuerdert, gouf dobäi net an Aussicht gestallt. Verwise gouf awer op de verlängerte Congé parental an d‘Recht op véier Stonnen Deelzäit pro Elterendeel. Alles Elementer aus dem Koalitiounsaccord, déi déi nächst Jore sollen ëmgesat ginn.

D‘Diskussiounen iwwer d‘Petitioun sollen elo an der Educatiounskommissioun nach eng Suite kréien. 

Lauschterenplay_arrow