search

/ Vitesslimitatioun am Tunnel Stafelter op der A7 gëtt nees opgehuewen

National

|
reading time

1 min

Vitesslimitatioun am Tunnel Stafelter op der A7 gëtt nees opgehuewen

An der Nuecht vu Méindeg op en Dënschdeg gëtt d‘Vitesslimitatioun vu 70km an der Stonn am Tunnel Stafelter op der A7 opgehuewen. Dat melle ponts et chaussées. D‘Limitatioun ass dann erëm bei 90 Km/h an den Trafic soll och erëm op zwou Spuere méiglech sinn.

reading time

1 min

© picture alliance / ATP
(Foto: picture alliance / ATP )

D‘Moossname ware preventiv en place nodeems bei der leschter Inspektioun am Tunnel Grouft Problemer mat de Probeller vun de Ventilatoren opgefall waren. Bei zousätzlechen Tester an Analysen ass awer erauskomm, datt obwuel d‘Ventilatore vun der selwechter Generatioun a vum selwechte Produzent sinn, d‘Material vun de Probeller a béiden Tunnelle liicht variéieren.

Entwarnung fir den Tunnel Stafelter

Beim Tunnel Stafelter konnt Entwarnung gi ginn, am Tunnel Grouft huet sech d‘Verschlechterung vum Zoustand vun de Ventilatoren awer confirméiert.

Dofir bleift deen am service reduit bis d‘Stécker ersat sinn. Déi Aarbechte wiere fir den Ament fir Juli virgesinn. Den Tunnel soll viraussiichtlech dann am August erëm normal funktionéieren, esou nach ponts et chaussées.