Bei der Reunioun haut am Konferenz-Zenter hei um Kierchbierg sollen de Statec an Experte vum Energieministère Zuelen a Previsiounen iwwer den ekonomeschen a sozialen Impakt vun der Energiekris presentéieren.
Keng direkt Verhandlungen haut
De Finanzminister Gilles Roth sot sengersäits op Nofro hin, datt hie seng geplangt Steierreform net a Gefor gesäit, well weiderhin d‘Kafkraaft vun de Leit misst gestäerkt ginn. D‘Reform wier dann och „um gudde Wee“, well se ee „positiven“ Avis vum Staatsrot kritt hätt, esou nach de Gilles Roth.
D‘Diskussiounstheme fir d‘Tripartite-Verhandlunge stinn nach ëmmer net fest. De Premier Luc Frieden ass d‘lescht Woch vage bliwwen. De Kontext wier awer dee vun der Energiekris wéinst dem Krich am Noen Osten.