Radioen

On air

Notturno  |  Nicool - De Sonnden

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Viru fënnef Joer op een Automobilist geschoss: Fräisproch fir Polizist

Geriicht

Viru fënnef Joer op een Automobilist geschoss: Fräisproch fir Polizist

Fräisproch am Appell fir de fréiere Polizist, dee viru fënnef Joer bei enger Verkéierskontroll zu Bouneweg op een Automobilist geschoss an deen déidlech blesséiert hat. Dat melle verschidde Lëtzebuerg Medien.

auto_stories

1 min

Deen deemools 23-Joer ale fréiere Polizist hätt a Noutwier gehandelt, esou d‘Decisioun vun de Riichter am Appell. An éischter Instanz war deen Ugekloten nach zu fënnef Joer Prisong verurteelt ginn, dräi dovunner op Sursis.