Ee vun de Giischtercher hätt Aussoe vun der Direktioun no, doropshi fir eng Kontroll missen an d‘Spidol geliwwert ginn.
Wéi et an engem Schreiwes vun der Associatioun vun de Giischtercher heescht, misst déi betraffe Persoun an der Urgence operéiert ginn, well dem Giischtjen an de Fanger gebass gi wier.
De Parquet gouf informéiert an d‘Police ass amgaangen eng Enquête ze maachen. Ausserdeem wier den „dispositif psychologique d‘interventioun de crise“ aktivéiert gi fir déi néideg Mesurë fir d‘Affer ze lancéieren.