Radioen

On air

E-Lodie  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Virfall mat chemescher Substanz zu Suessem

De CGDIS mellt

Virfall mat chemescher Substanz zu Suessem

Zu Suessem gouf et gëschter Owend en Tëschefall mat enger chemescher Substanz, hat de CGDIS de Moie gemellt.

auto_stories

1 min

Chemikalie | © M150photo
Chemikalie (Foto: M150photo)

Op Nofro hinn huet de CGDIS eis schrëftlech preziséiert, datt déi Substanz an engem Betrib an der Industriezone Gadderscheier ausgelaf war. De Virfall hätt awer guer keen Impakt fir d‘Populatioun gehat, déi ausgelafe Substanz wier och scho vun enger Firma gebotzt ginn. Siwe Leit ware fir eng kuerz Zäit fir eng Kontroll an e Spidol bruecht ginn.

Vun der Gemeng Suessem hu mer nach confirméiert kritt, datt et keng Verschmotzung vun der Kor gouf.