Radioen

On air

Notturno  |  The Stooges - 1969

play_arrow Live
search

/ Villach an Éisträich: Syreschen Asyldemandeur erstécht 14- järege Jong

Police hëlt Ugräifer fest

Villach an Éisträich: Syreschen Asyldemandeur erstécht 14- järege Jong

An der éisträichescher Stad Villach huet e syreschen Asyldemandeur e Méindeg Mënsche mat engem Messer ugegraff an dobäi e 14-järege Jong ëmbruecht.

auto_stories

1 min

Éisträich | © picture alliance / Maximilian Koch | Maximilian Koch
Éisträich (Foto: picture alliance / Maximilian Koch | Maximilian Koch)

Véier weider Persoune goufen duerch d’Attack blesséiert. 

Een Aarbechter huet d’Attack gesinn an de 23-järegen Täter mat sengem Auto ugestouss, fir weider Iwwerfäll ze verhënneren. D’Police huet de Mann duerno festgeholl.