Radioen

On air

Notturno  |  Altin Gün - Güzelligin On Para Etmez

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vertrieder aus der Landwirtschaft goufen am Staatsministère empfangen

Landwirtschaft

Vertrieder aus der Landwirtschaft goufen am Staatsministère empfangen

Sämtlech Vertrieder aus dem landwirtschaftleche Secteur goufe gëschter am Staatsministère vum Luc Frieden empfaangen. Mat derbäi waren och d‘CSV Landwirtschaftsministerin Martine Hansen an den CSV Ëmweltminister Serge Wilmes.

auto_stories

1 min

© SIP / Julien Warnand
Foto: SIP / Julien Warnand

Konkret Mesuren, wéi d‘Regierung d‘Baueren zu Lëtzebuerg weider wëll ënnerstëtzen, goufe kéng annoncéiert. Doriwwer soll eréischt um Landwirschaftsdësch, de 4. Mäerz, méi am Detail geschwat ginn.

D'Landwirtschaftsministerin Martine Hansen huet gëschter awer nach emol betount. Anescht wéi am Ausland géifen zu Lëtzebuerg kéng Subside fir d'Bauere gestrach ginn. De Premier Luc Frieden sot, d'Bauere wieren e wichtege Bestanddeel vun der Lëtzebuerger Ekonomie, an d'Regierung wéilt mat de Baueren zesumme schaffen, a näischt vun uewen erof diktéieren.