D‘Leit kucke rëm bëssi méi optimistesch an Zukunft wat déi global ekonomesch Situatioun hei am Land betrëfft, awer och wat hir eege finanziell Situatioun ugeet. Do gesi si fir déi nächst zwielef Méint rëm méi positiv.
Si gesinn och, datt hir finanziell Situatioun an de leschten zwielef Méint net sou schwaarz war, wéi si gemengt haten. Si hunn awer trotzdeem net wëlles, an den nächste Méint gréisser Akeef ze maachen.