De Ratko Mladic ass gëschter am Alter vu 84 Joer am Prisong gestuerwen. Hien ass 2017 vum Internationale Strofgeriichtshaff vun Den Haag zu enger liewenslaanger Prisongsstrof verurteelt ginn, wéinst Krichsverbiechen a Verbrieche géint d'Mënschlechkeet wärend dem Bosniekrich.
Hie war ënner anerem fir de Massaker vu Srebrenica am Juli 1995 responsabel, bei deem iwwer 8.000 Bosnier:innen ëmbruecht gi waren.