Et géifen och keng Donnéeën iwwer Mikroplastik a Babynahrung hei um Marché, heescht et nach an der parlamentaresch Fro.
Hannergrond heivunner ass eng rezent Etüd vun engem norwegesche Fuerschungsinstitut, déi gewisen huet, datt Mikro-Plastik ënnert anerem a "Quetschie" fir kleng Kanner ka geroden.
Am beschten Alternativen notzen
Ob hei am Land effektiv ee Risiko besteet oder net kéint d‘Regierung net definitiv bewäerten. Dat well et ënnert anerem keng eenheetlech europäesch Reglementatioun gëtt, déi explizitt Mikroplastik a Liewensmëttel erfaasst.
Aus Virsiicht géif d‘Gesondheetsdirektioun den Eltere ënnert anerem roden aner Verpackungsformen, wéi déi aus Plastik, ze notzen.