De fréiere President war schonn am Oktober d’lescht Joer mat Effet immédiat zréckgetrueden. De Kulturministère an d’Gemeng Diddleng haten am November de Parquet informéiert.
Vun do aus gouf dem Wort confirméiert, datt eng Plainte wéinst Vertrauensmëssbrauch, Bedruch an Déifstall gemaach gouf. Nach leeft d’Enquete an et gëllt d’Presomption d’innoncence. En Audit soll och opklären, wéi d’Sue verschwonne sinn.