Radioen

On air

Notturno  |  Meshell Ndegeocello - Travel

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Vermësst Fra gouf doudeg erëmfonnt

Parquet mellt

Vermësst Fra gouf doudeg erëmfonnt

Eng 58 Joer al Fra, déi de leschte Freideg als vermësst gemellt gi war, gouf en Dënschdeg Owend dout beim Scheedgen erëm fonnt. Wéi de Parquet mellt, hätt hire Mann sech gestallt.

auto_stories

1 min

Éischt Erkenntnisser haten erginn, datt hien eventuell eppes mat hirem Verschwannen ze di gehat kéint hunn. Hien hätt d‘Dot duerno effektiv zouginn an den Enquêteuren uginn, wou hien déi stierflech Iwwerreschter verstoppt hätt. De Mann koum an Untersuchungshaft. Hie kritt Homicide volontaire reprochéiert. D‘Mordkommissioun vun der Police judiciare gouf mat der Enquête befaasst. De Parquet rappelléiert, datt wéi bei all Enquête och hei d‘présomption d‘innonce gëllt.