Kanner- a Schoulpolitik wäerten nieft Ëmweltthemen déi Beräicher sinn, op déi déi gréng sech déi nächst 5 Joer an hirer parlamentarescher Aarbecht op der Oppositiounsbänk wäerte konzentréieren. Dat sot d’Sam Tanson an engem Meeting mat der Press.
Dobäi huet d’Nach-Justiz-Ministerin och betount, et géif een der neier Regierung a Saache Steier- a Finanzpolitik genee op d‘Fangere kucken. Fir de Meris Sehovic, den déi éischte Kéier vereedegt gëtt, ass eng verkierzte Riedenzäit keen Hindernis fir eng gutt Oppositiounsaarbecht ze leeschten.
“déi gréng sinn eng Partei, déi eigentlech säit Bestoen sech ëmmer ganz leidenschaftlech fir Fortschrëtt agesat huet, och an deene leschten zéng Joer an der Regierung. Natierlech si mer lo an enger neier Situatioun, mat enger neier Ausgangslag, an et ass richteg, datt wann den Androck do ass, datt mer kämpferesch sinn, datt mer Loscht hunn, effikass Oppositiounsaarbecht am Interêt vun de Leit a vum Land ze maachen. Mir wäerte mat allem, wat mer hunn, eis asetzen, fir eebe sécherzestellen, datt déi nächst fënnef Joer keng verluere Jore fir dëst Land sinn. “
déi gréng sinn nach am Gaangen d‘Resultater vun de Wale vum 8. Oktober opzeschaffen. Nieft engem online Questionnaire un d‘Memberen, géingen si op internationalem Niveau den Trend analyséieren, deem déi gréng Parteien europawäit ausgesat sinn.