Radioen

On air

Kultur um 5  |  Filmkritik: "Jane Austen a gâché ma vie"

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Verhandlungen iwwer eng Wafferou leien nees op Äis

Tëschent Israel an der Hamas

Verhandlungen iwwer eng Wafferou leien nees op Äis

D‘Verhandlungen iwwer eng Wafferou an der Gazasträif an d‘Fräiloossung vu weidere Geisele vun der Hamas wieren an eng Kris geroden. Dat melle verschidde Medien. Dat israeelescht Verhandlungsteam ënnert der Leedung vum Chef vum Auslandsgeheimdéngscht Mossad, hätt d‘Gespréicher zu Doha verlooss a wier zeréck an Israel geflunn. 

auto_stories

1 min

De Grond wier, datt déi islamistesch Hamas ee Kompromëssvirschlag vun den USA zréckgewisen hätt. D‘Positioun vun der Hamas géif beweisen, datt si net weider iwwer een Deal wéilte verhandelen. Dat wier en traurege Beweis fir de Schued, deen d‘Decisioun vum Weltsécherheetsrot ugeriicht hätt, sou den israeelesche Ministerpresident Benjamin Netanjahu.

Den UNO-Sécherheetsrot hat gëschter, fir d‘éischte Kéier zanter dem Ufank vum Krich an der Gazasträif, an enger Resolutioun een direkte Waffestëllstand gefuerdert.