Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Divorce - Antarctica

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Verfare géint de Benoit Ochs gëtt nei opgerullt

Collège médical

Verfare géint de Benoit Ochs gëtt nei opgerullt

Am Disciplinarverfare géint de Dr. Benoit Ochs muss de President vum Conseil de discipline, de President vum Stater Bezirksgeriicht, Pierre Calmes, sech wéinst Befaangenheet zeréck zéien. Zu där Conclusioun koum gëschter de Conseil Supérieur de discipline vum Collège médical. Dat confirméiert de Justizspriecher Henri Eippers.

auto_stories

1 min

Benoit Ochs
Benoit Ochs (Foto: Archiv)

Géint den Allgemengmedeziner Benoît Ochs leeft en Disziplinarverfare wéinst Verstéiss géint den Deontologiekodex. De Generalist hat wärend der Coronapandemie op sech opmierksam gemaach, als eng vun den Haaptfiguren ënnert de Géigner vun de sanitäre Moossnamen an der Impfung géint Covid-19.

Dem Dokter seng Affekoten haten argumentéiert, datt de Conseil de discipline a senger aktueller Constellatioun - där nämmlechter wéi an engem éischte Verfare wéinst änlechen Accusatiounen - net onofhängeg an onparteiesch wier.

2022 hat de Benoit Ochs schonn eemol fir d’Period vun engem Joer verbuede kritt, z’exerzéieren. An der aktueller Affär huet de Collège médical e Beruffsverbuet vun 2 Joer gefuerdert. Nodeems de Riichter sech elo huet missten zeréck zéien, misst d’Verfare wuel komplett nei opgerullt ginn, sou nach den Henri Eippers.