search

/ Verdacht op sexuelle Mëssbrauch u Kanner a Paräiser Schoul: 78 Persoune suspendéiert

Frankräich

|
reading time

1 min

Verdacht op sexuelle Mëssbrauch u Kanner a Paräiser Schoul: 78 Persoune suspendéiert

Dosende Mataarbechter aus enger Paräiser Grondschoul stinn am Verdacht Kanner sexuell mëssbraucht ze hunn. Zënter Uganks des Joers goufen 78 Responsaabler aus der Schoul suspendéiert, dovunner 31 wéinst Verdacht op sexuelle Mëssbrauch. Dat sot de Paräisser Buergermeeschter Emmanuel Grégoire. 

reading time

1 min

De Paräisser Buergermeeschter Emmanuel Grégoire huet een Aktiounsplang ugekënnegt, mat enger Enveloppe vun 20 Milliounen Euro. D’Zil wier, datt esou Verdachtsfäll séier an transparent gemellt ginn. D’Abezéie vun den Eltere a néi Mesuren an der Schoul sinn ee weideren Deel vun dësem Aktiounsplang.