Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Venezuelaneschen Oppositiounskandidat Edmundo González kritt Asyl a Spuenien

No ëmstriddenene Walresultat

Venezuelaneschen Oppositiounskandidat Edmundo González kritt Asyl a Spuenien

Ronn 6 Wochen no den ëmstriddene Presidentschaftswalen a Venezuela, krut den Oppositiounskandidat Edmundo González elo Asyl a Spuenien accordéiert. Hie wier mat enger Maschinn vun der spuenescher Loftwaff ënnerwee dohin, huet de spueneschen Ausseminister matgedeelt.

auto_stories

1 min

Fändel Venezuela | © picture alliance / NurPhoto | Luis Boza
Foto: picture alliance / NurPhoto | Luis Boza

No de Walen den 28. Juli war den autoritäre Staatschef Nicolás Maduro als Gewënner deklaréiert ginn. D‘Regierung hat allerdéngs déi opgeschlësselt Resultater net verëffentlecht. D‘Oppositioun huet hir Walbedruch virgehäit an d‘Victoire fir de González revendiquéiert. D‘USA an eng Rëtsch latäinamerikanesch Länner erkennen hien als Walgewënner un, an och d‘EU huet Zweifel um offizielle Walresultat. Et war nom Vott zu Protester komm, déi gewaltsam néiergeschloe goufen. Mënscherechtsorganisatiounen no koume 25 Mënschen ëm d‘Liewen, méi wéi 2.400 Persoune goufe festgeholl.