arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Venezuela: Lëtzebuerg rifft zu Rou an Zeréckhalung op

Reaktiounen

|
headphones

1 min

Venezuela: Lëtzebuerg rifft zu Rou an Zeréckhalung op

D’Lëtzebuerger Regierung géif d’Situatioun a Venezuela opmierksam verfollegen, esou heescht et an engem Schreiwes vum Staatsministère. Et hätt een zesumme mat der EU déi demokratesch Legitimitéit vum Maduro net unerkannt an déi divers Mënscherechtsverletzungen duerch säi Regimm verurteelt.

headphones

1 min

Venezuelaner feieren an der Stad Medellin d’Destitutioun vum President Maduro a senger Fra | © picture alliance / NurPhoto | Camilo Moreno
Venezuelaner feieren an der Stad Medellin d’Destitutioun vum President Maduro a senger Fra (Foto: picture alliance / NurPhoto | Camilo Moreno)

De Staatsministère rappeléiert, datt d’Vëlkerrecht an d’UN-Charta missten agehal ginn. Lëtzebuerg géif zu Rou an Zréckhalung opruffen, fir e “friddlechen Auswee aus der Kris” ze fannen.

Ronn 20 Lëtzebuerger:innen ginn e Wunnsëtz a Venezuela un. Bis ewell wier den Ausseministère nach vu kengem kontaktéiert ginn.

D’Europäesch Unioun huet zënter 2017 Sanktiounen a Kraaft, déi sech aktuell géint 69 Persoune riichten. Dat wéinst Verstéiss géint d’Demokratie, d’Rechtsstaatlechkeet oder géint d’Mënscherechter.