Permanente Wand, deen engem an d‘Gesiicht bléist, Wellen déi briechen a wäit a breet näischt aneres wéi däischtert Mierwaasser. Zënter 5 Wochen sinn d'Seeglerinnen a Seegler, déi bei der Vendée Globe matmaachen, deem ausgesat. D'Konditioune sinn dat, wat d'Course esou eenzegaarteg mécht, fënnt de Jérôme Merker. Hie selwer huet och scho Solitärcoursse matgemaach.
Ee Liewensprojet
D'Lëscht vu Leit, déi en eleng ronderëm d'Welt geseegelt sinn ass kleng. Mat 200 Leit och méi kleng, wéi d'Lëscht u Leit déi am selwechten Zäitraum op de Mound geflu sinn, oder op de Mount Everest geklomme sinn. E Liewensprojet, wéi de Jérôme Merker et nennt. Hirt Liewe laang bereede sech d‘Seeglerinnen a Seegler drop vir, fir bei der Vendée Globe matzemaachen.
"Si hunn all Hiewel a Beweegung gesat, fir déi néideg finanziell Moyenen, respektiv och déi néideg Kompetenzen unzëeegnen. Sou eng Weltëmseegelung an 80, 100 Deeg, dat muss ee een och akribesch virbereeden."
24.000 Séimeilen, 40.000 Kilometer
D‘Route vun der Vendée Globe ass ëmmer déi selwecht. Depart ass an de Sables d‘Olonne am Departement Vendée a Frankräich. Dohier kënnt och den Numm vun der Course. Vun do aus geet et weider Richtung Kapp der Guten Hoffnung a Südafrika, eriwwer an Australien an Neiséiland.
Do sinn och de Moment déi bescht Placéiert, no ongeféier 5 Wochen, drun, erkläert de Jérôme Merker. Weider geet et Richtung Kapp Horn, d‘Südspëtzt vu Südamerika, vu wou aus et dann nees zeréck a Frankräich geet. Domat ass den Tour ronderëm d‘Welt, eng 24.000 Séimeilen, a 40.000 Kilometer, gemaach.
"Wéi ee sech de Schlof andeelt kann decidéieren ob ee gewënnt oder net"
De Jérôme Merker selwer huet déi kleng Schwëster vun der Vendée Globe, d'Mini Transat, matgemaach. Hie kennt also d'Erausfuerderunge vun esou Coursen. Schlofen ass een zimmlech wichtege Bestanddeel vun deene Coursen. Ee gutt preparéierte Schlofrhythmus ass deemno net ze ënnerschätzen.
Et schléift een um Stéck eng 2-3 Stonne mat Sieste vun 20 Minutten iwwert den Dag. Op 24 Stonne probéiert een dann op 5 bis 6 Stonne Schlof ze kommen.
"Wéi ee sech de Schlof andeelt, dat ass och enorm wichteg, notamment déi, déi Virbäi fueren. Dat kann doriwwer decidéieren ob ee gewënnt oder net gewënnt."
Ganz vir ass den Ament de Fransous Charlie Dalin. Deen ass lo quasi an der Hallschent vun der Course. 200 Meilen hannendrun ass deen nächsten. Dat ass net immens vill, betount de Jérôme Merker. Schonn d'technescht Material um Boot an d‘Wiedersystemer kënnen iwwer déi 200 Séimeilen entscheeden. Konditioune vum Boot a vum technesche Material drop, hänken natierlech och staark vum Budget vun den eenzele Skipper:innen of.
Permanenter Liewensgefor ausgesat
Wie bei der prestigiéister Seegelcourse op der Welt matmécht, ass permanent enger ënnerschwelleger Liewensgefor ausgesat. Et ass een deelweis dausende Meile vum Land ewech. Sollt engem also eppes geschéien, an d‘Waasser falen oder sech soss verletzen, kann et laang daueren, bis ee recuperéiert gëtt, ënnersträicht de Jérôme Merker.
An der Geschicht vun der Vendée Globe si bis elo 200 Seegler:innen un de Start gaangen. Et koum an där Zäit zu dräi Doudesfäll. Eng sëllege missten och schonn aus dem Mier gefëscht ginn.
Eng Éieresaach
Déi nei Kommunikatiounsmoyene maachen et méiglech, d‘Course ganz enk ze suivéieren. Déi déi matmaachen hunn hir eege Social Media Accounts, iwwer déi si reegelméisseg informéieren, wou si dru sinn a wéi et hinne geet.
De Krittär "ouni Assistenz", ass deemno eng Grozon a mëttlerweil bëssi méi schwéier ze kontrolléieren. Mee, sech un d‘Reegelen ze halen ass eng Éieresaach an d‘Skipper:inne mussen am Virfeld eng Charte d‘honorabilité ënnerschreiwen, erkläert de Jérôme Merker.