Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Véier AVCen den Dag

Weltdag vum Hireschlag

Véier AVCen den Dag

Zu Lëtzebuerg maachen d’Joer an der Moyenne 1.400 Leit en Hiereschlag, also een AVC. Dat sinn der 4 den Dag. D’Preventioun ass immens wichteg. Dorop mëscht d’”Blëtz” ASBL am Kader vum Weltdag vum AVC haut um Sonndeg opmierksam.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow
D'Chantal Keller (riets) vun der Blëtz ASBL. (Foto: Archiv)

Héije Bluttdrock ass ee vun den Haaptausléiser fir en Hiereschlag, seet d’Chantal Keller vun der “Blëtz” ASBL. Wann dee Bluttdrock awer richteg agestallt ass, kéinte bis zu 10 Prozent vun den AVCe verhënnert ginn. An dofir leeft am Kader vum Weltdag eng speziell Aktioun: D'nächst ganz Woch iwwer kann ee säi Bluttdrock a verschiddenen Apdikten uechtert d’Land moosse loossen, fir méiglech Problemer an deem Kontext ze erkennen oder auszeschléissen.

Eraus aus dem normale Circuit 

“Wann ee bis en Hiereschlag hat, ass ee vun haut op muer aus dem normale Circuit”, erzielt d’Chantal Keller. Et misst ee sech dann nei fannen an erfannen. Do gëtt et eng  Haaptfuerderung vun der ASBL. Si wënsche sech nämlech d’Aféierung vun engem Lotse, dee virun allem Leit, déi am jonken Alter betraff sinn, e Joer laang nom Schlag begleet an hinnen hëlleft. "Dat kann dozou bäidroen, zeréck a d’Liewen ze fannen", esou d’Chantal Keller.

Et géife bei eis awer och Nosuergezentre gebraucht. Déi Betraffe solle kënnen zwee Mol d'Joer eng intensiv Cours zu Munneref maachen, fir dat ze behandelen, wat net mei geet. Och bei der Hëllef fir hier Famille wieren nach Efforten néideg, esou d’”Blëtz” ASBL.

Lauschterenplay_arrow