Radioen

On air

9 bis 1  |  Sirens of Lesbos - My Moon

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vancouver: Auto rennt a Mënschemass - Doudeger a Blesséierter gi gemellt

Terrorakt gëtt ausgeschloss

Vancouver: Auto rennt a Mënschemass - Doudeger a Blesséierter gi gemellt

Zu Vancouver a Kanada ass een Automobilist wärend engem Festival an eng Mënschemass gerannt. Déi lokal Police schwätzt vun enger Partie Doudeger a méi blesséierter. De Chauffeur hat probéiert fortzelafen, konnt dunn awer festgehale ginn a wier elo a Garde à vue. Hannergrënn vun der Dot ginn et bis ewell nach keng.

auto_stories

1 min

Symbolfoto Police Kanada. | © Bigstock
Symbolfoto Police Kanada. (Foto: Bigstock)

Lokale Medien no soll de Virfall op engem philippinnesche Fest geschitt si mat dausende Visiteuren. De Buergermeeschter vu Vancouver huet sech schockéiert gewisen a säi Bäileed ausgedréckt.

Éischten Informatiounen no soll et sech ëm een 30 järege presuméierten Täter handelen. D‘Police geet den Ament net vun engem Terror-Akt aus.