De Peter Freitag, dee fir d'lescht an der Beweegung Mir d’Vollek engagéiert war, hat de Prozess gemaach kritt, well hien déi zwee Dokteren als "Schüler vum NS-Dokter Mengele" an als "Coro-nazien" bezeechent hat. Béid Dokteren hate sech am Oktober 2021 fir Corona-Impfungen ausgeschwat.
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Urteel confirméiert: 2.500 Euro fir de Peter Freitag
Stater Appellsgeriicht
Urteel confirméiert: 2.500 Euro fir de Peter Freitag
An enger Affär vu Calomnie an Diffamatioun huet d'Stater Appellsgeriicht um Mëttwoch d'Urteel aus éischter Instanz confirméiert. De Corona-Impfgéigner muss donieft zwou Partie-civillen, dem Psychiater Dr. Cloos an der pensionéierter Gynekologin Dr. Schmit, allkéiers 1.000 Euro Schuedenersatz bezuelen.
auto_stories
1 min
