Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Beirut - Santa Fe

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Urteel am Prozess ëm de Sam Bankman-Fried

Krypto-Bourse FTX

Urteel am Prozess ëm de Sam Bankman-Fried

An den USA gouf de Sam Bankman-Fried, Grënner vun der fréierer Krypto-Bourse FTX, wéinst Bedruch a Blanchiment verurteelt. Am Prozess zu New York huet ee Jury deen 31-Joer-ale fréiere Milliardär op alle siwen Uklopunkte schëlleg erkläert.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Nikolas Kokovlis
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Nikolas Kokovlis)

De Sam Bankman-Fried war zejoert op de Bahamas Insele verhaft ginn nodeems seng Firma Faillite gemaach hat. Hie muss mat enger joerzéngte-laanger Prisongsstrof rechnen. D‘Ausmooss vun der Strof gëtt eréischt spéider decidéiert.

FTX war eng vun de gréissten Handelsplattforme fir Kryptowärungen ewéi Bitcoin. De Sam Bankman-Fried krut virgehäit, Milliarden Dollar vu senge Clienten ënnerschloen ze hu fir een Hedge-Fong ze finanzéieren. D‘Sue waren duerno verschwonnen.