Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Upassung vun der Tarifstruktur: Wat ännert un de Stroumpräisser?

Stroumreseau

Upassung vun der Tarifstruktur: Wat ännert un de Stroumpräisser?

Bei de Stroumpräisser ginn et an zwee an engem hallwe Mount Ännerungen, déi bis elo nach net un déi grouss Klack gehaange goufen. D’Käschte vum Stroumreseau gi vum 1. Januar un anescht berechent. Den ILR huet dem 100,7 elo eng éischte Kéier Detailer iwwert déi nei Tarifstruktur ginn.

auto_stories

2 min

Den Institut de Regulatioun huet dat mat de Gestionnaire vum Netz decidéiert: Et wäert deemno zu bestëmmten Auerzäiten am Dag méi oder manner kaschten, fir d’Stroumnetzer ze benotzen.

Verbrauch gëtt net erëm, wéi vill de Reseau kascht

D‘Netzkäschte maache ronn een Drëttel vun der Stroumrechnung aus. Fir d‘Netzkäschten ze berechne gëtt bis elo virun allem de Stroum-Verbrauch gekuckt. Mee, wéi de Claude Hornick, Chef vum Service Energie beim Institut de Regulatioun ILR, erkläert, gëtt de Verbrauch eleng net erëm, wéi vill de Reseau kascht.

Well, wa vill Leit zur gläicher Zäit Stroum verbrauchen - tëscht 5 a 9 Owes zum Beispill - oder wa vill Elektro-Autoe mateneen opgeluede ginn – da gëtt de Reseau méi staark belaascht. Déi nei Netzinfrastruktur sollt eng méi gerecht Verdeelung vun de Käschten ënnert de Notzer:inne bréngen.

„A mir hunn d‘Obligatioun, als Regulateur, fir d‘Netztariffer esou ze gestalten, datt se verursaachergerecht sinn.“

Keng signifikant Ännerunge fir d'Stroumrechnungen

D‘Verbaucher:inne sollen domat incitéiert ginn, hire Stroumverbrauch méi gläichméisseg iwwert den Dag ze verdeelen. D‘Benotze vum Reseau wäert, an där neier Tarif-Struktur, nämlech ënnerschiddlech vill, zu ënnerschiddlechen Zäiten, kaschten. Wa vill Leit vill Stroum simultan benotzen, kascht et méi. A wann de Reseau net sou staark belaascht ass, manner.

Fir d’Stroumrechnunge géif dat awer, global gesinn, keng signifikativ Ännerung bréngen, esou nach de Claude Hornick vum ILR.

Et kann awer zu eenzelnen Ëmverdeelungseffekter kommen, dass déi eng oder déi aner Kategorie da vläicht liicht méi, an aner Kategorie liicht manner bezuelen. Mee dat gläicht sech dann iwwert d‘Zomm vun alle Verbraucher aus.

Referenzleeschtunge ginn determinéiert

D‘Verbraucher:inne kréien am neie System och gehollef. Andeems de Netzbedreiwer fir jiddereen eng sougenannte Referenzleeschtung determinéiert.

„Op Grond vu senger Laaschtkurv, also de véierstëndleche Moosswäerter aus de leschten 12 Méint.“

Den Netzbedreiwer stellt domat sécher, datt d‘Verbraucher:innen ëmmer an där fir si finanziell gënschtegster Referenzleeschtung klasséiert ass.

Bis d‘Leit mat deem System familiariséiert sinn, wäert nach daueren. Den ILR gëtt elo schonn Erklärungen op myilr.lu. Och d‘Gestionnaire wäerten hir Clientë mussen informéieren. Fest steet: Dës Ëmstellung ass Deel vun der Preparatioun op déi ekologesch Transitioun, wéinst där de Stroumverbrauch weider klamme wäert. An duerch ee méi intelligente Stroumverbrauch soll den Ausbau vun de Stroumnetzer, an déi domat verbonne Käschten, a Grenze gehale ginn.

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft