Do leit all sechst Kand ënner zwee Joer u schlëmmem Honger. D'Unicef bezitt sech op eng Analys vum Cluster Mondial Nutrition. Och d'Gesondheet vu schwangere Fraen an deenen déi nieren, wier net gutt. Iesswuere wiere rar ginn a Krankheete géife sech verbreeden. D'Unicef fuerdert e sécheren Accès an d'Gazasträif fir humanitär Hëllef. En direkte Waffestëllstand wier déi eenzeg Méiglechkeet fir Liewen ze retten an d'Leiden op en Enn ze bréngen.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ Unicef: Ëmmer méi Kanner an der Gazasträif sinn ënnererniert
Krichsgebitt
Unicef: Ëmmer méi Kanner an der Gazasträif sinn ënnererniert
Virop am Norde vun der Gazasträif wier d'Situatioun dramatesch, schreift d'Unicef an engem Communiqué.
auto_stories
1 min