Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Michael Nau - No Quit

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Undeel vun iwwergewiichege Kanner geet erop

Observatoire de la Santé

Undeel vun iwwergewiichege Kanner geet erop

Zu Lëtzebuerg leiden 20 Prozent vun de Kanner, déi tëscht eelef an 12 Joer al sinn, un Iwwergewiicht. Dat geet aus dem Rapport iwwert d’Gesondheet vun de Kanner ervir, deen den Observatoire de la Santé haut publizéiert gouf.

auto_stories

1 min

D’Etude baséiert sech op Donnéeen aus dem Joer 2022. Tëscht 2014 an 2022 ass dee Prozentsaz vu 15 op 22 Porzent bei de Jongen an d’Luucht gaangen. Fir d’Meedercher war et eng Hausse vun eelef op 16 Prozent.

Déi physesch Aktivitéite spillen eng grouss Roll, just 57 Prozent vun de Jongen a 36 Prozent vun de Meedercher hu véier Mol an der Woch eng sportlech Aktivitéit.

Wärend der Presentatioun huet d'Expertin d’Laeticia Huiart ënnerstrach, datt dat wat een an der Kandheet fir seng Gesondheet mécht, een Impakt op d’Santé am héijen Alter huet.