Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ulrike Bail - „im halblichten geäst deines atems“

Buchkritik

Ulrike Bail - „im halblichten geäst deines atems“

Net nëmmen de Layout vum Buch, net just déi originell Verdueblung vun all Gedicht an dësem Band hunn d‘Valerija Berdi beandrockt. Mee virun allem déi nei Gedichter vun der Ulrike Bail hunn et him ugedoen. „im halblichten geäst deines atems“ ass am Conte-Verlag erauskomm.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

play_arrow
Foto: Morgane Weidig

D’Natur huet d’Literate schonn ëmmer beaflosst. Denkt een un de Goethe an un de Schiller, den Novalis an den Eichendorff, wou d’Natur personifizéiert gouf am eng déif Verbonnenheet literaresch duergestallt ginn ass, dann d’Romantiséierung, déi gären e liicht kitschege Klang krut, wéi bei engem Mörike oder wou déi Verbonnenheet a romantesch Ausleeung op d’Schëpp geholl ginn ass - vun engem Heine.

Haut ass d’Natur nach ëmmer e Sujet an der Literatur a wann ee Poesie kuckt, dann denkt een direkt un dat aussergewéinlecht Esther Kinsky, bei där, grad wéi bei der Marion Poschmann, d’Landschaft an de Raum am Fokus stinn.

De Bësch als Kär

Esou eng aussergewéinlech Dichterin hu mir och hei ze Lëtzebuerg. Ulrike Bail. An hirem leschten a rezente Gedichtband ass d’Natur, oder ganz spezifesch de Bësch de Kär vun hirer Dichtung. Si dréint reegelrecht all liewegt, awer och all dout Wiesen, net just ëm, si hëlt et auserneen a setzt et erëm op hir Manéier zesummen. 

Eng grouss an déif Verbonnenheet? Gewëss. Awer net op déi bekannt Manéier. Op hir Manéier. An déi ass wäit ewech vun enger Romantik, wäit ewech vun enger Schwäermerei. Et ass eng déif Trauer, eng Roserei, eng Verzweiwlung awer och eng Perspektiv an dësen Zeilen ze liesen. 

Wann ech soen, op hir Manéier, dann ass et, datt et keng einfach Wierder, keng banal Beschreiwungen a keng allgemeng Botschafte sinn.

Aus enger vergaangener Zäit

Si benotzt Wierder aus dem Wuertschatz vum “Forst”, déi esou spezifesch sinn, datt een se mol muss nosichen. Da Wierder, déi enger vergaangener Zäit gehéieren an doduerch d’Verstoen net méi einfach, dofir ëm sou méi präzis a spezifesch maachen.

Et ass net de Mënsch, deen hei e Stellewäert huet, net seng Sehnsucht no Rou an Entspanung am Bësch, mee de Bësch selwer, dee vun an duerch Mënschenhand zerstéiert gëtt. 

Verbonnenheet vun den Elementer

D’Ulrike Bail weist hei d’Vulnerabilitéit vun all eenzele Bestanddeel vum Bësch, awer och op seng Schéinheet duerch Joreszäiten a Joerhonnerten.

Et ass net un éischter Plaz d’Verbonnenheet vum Mënsch, mee d’Verbonnenheet vun den Elementer, déi de Bësch an dëse Gedichter ausmaachen.

bestockungsfreie wege
bis ins gras aufgelichtet
ein nëtz verdichteter särge
durchziehen die holzbodenflächen
auf denen
zu tanzen wäre
bis ein düsternis entstünde
die kronen sich wieder schlössen
take the light
There are no humans
Any more

De komplexe Konstrukt vum Bësch gëtt vun der Ulrike Bail zerluecht fir op seng Zerstéierung hinzeweisen. 

An dann e ganz doucet Approchéieren, de Bësch gesinn, fillen, richen, schmaachen a héieren, soit, mat alle Sënner erfaassen.

Weisen, datt de Bësch eis net brauch

D’Dichterin hëlt seng Lieser mat an de Bësch, hält se awer och op Distanz, verlaangt vun hinnen, sech anescht mat dësem Deel vun der Natur auserneen ze setzen, weist, datt de Bësch eis net brauch. Datt mir just d’Recht hunn eis u senger Komplexitéit ze erfreeën.

Erfreeë muss ee sech awer och um Klang vun dëse Gedichter, an un deenen hirer Komplexitéit a Vilfalt. 

Well, wat besonnesch Freed mécht un der Ulrike Bail hirer Lyrik ass, datt een se ëmmer erëm liese kann, liese muss, fir se all Kéier anescht ze erfaassen, opzehuelen, ze entdecken.

Der Ulrike Bail hier Gedichter si wéi de Bësch, sensibel, verflecht, räich a heterogen, a wann ee stoe bleift, dann entdeckt een ëmmer op en neits iwwerraschend Facetten, déi dach esou voller Mënschlechkeet sinn.

Lauschterenplay_arrow

Kultur
Literatur