search

/ Ukrainesche Skeleton-Fuerer disqualifizéiert wéinst Helm mat Portraite vun Affer

Olympesch Spiller

|
headphones

2 min

Ukrainesche Skeleton-Fuerer disqualifizéiert wéinst Helm mat Portraite vun Affer

Den ukrainesche Skeleton-Fuerer Vladyslav Heraskevych gouf vum Internationalen olympesche Comité disqualifizéiert, well hien en Helm unhat mat de Portraite vun ukrainesche Sportler déi am Krich mat Russland gestuerwe sinn.

headphones

2 min

EPA/ANDREA SOLERO | © EPA/ANDREA SOLERO
EPA/ANDREA SOLERO (Foto: EPA/ANDREA SOLERO)

Dat wier laut dem Reglement vum internationalen Olympesche Comité net zoulässeg. De Sportler sot no der Entscheedung, dat wier de Präis fir déi ukrainesch Dignitéit.

© EPA/ANDREA SOLERO
(Foto: EPA/ANDREA SOLERO)

Sportler geet un internationaalt Sportsgeriicht

Hien huet awer ugekënnegt, datt hien déi Decisioun virum internationale Sportsgeriicht ufecht. 

Den ukrainesche President Selenskyj huet den IOC schaarf kritiséiert. Olympia géif op Gerechtegkeet baséieren an op d‘Ënnerstëtzung vum Fridden, an hei géif dem Aggresseur Russland zouspillt ginn.