Dat wier laut dem Reglement vum internationalen Olympesche Comité net zoulässeg. De Sportler sot no der Entscheedung, dat wier de Präis fir déi ukrainesch Dignitéit.
Sportler geet un internationaalt Sportsgeriicht
Hien huet awer ugekënnegt, datt hien déi Decisioun virum internationale Sportsgeriicht ufecht.
Den ukrainesche President Selenskyj huet den IOC schaarf kritiséiert. Olympia géif op Gerechtegkeet baséieren an op d‘Ënnerstëtzung vum Fridden, an hei géif dem Aggresseur Russland zouspillt ginn.