Radioen

On air

Concert  |  Musek inspiréiert vum Mier

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Kommissioun ënner Drock

Kären aus der Ukrain

EU-Kommissioun ënner Drock

Dräi EU-Länner maachen Oppositioun géint d‘EU-Kommissioun a verlängere Restriktioune géint Importer aus der Ukrain. Dat wërft d‘Fro vun der Solidaritéit a vum EU-Bannemarché op.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

Europäesch Fändele virun der Kommissioun | © picture alliance/dpa | Thomas Banneyer play_arrow
Foto: picture alliance / dpa / Boris Roessler

Bis dee leschte Freideg konnten Ungarn, Polen, d’Slowakei, Rumänien a Bulgarien de fräien Handel mat Produiten ewéi Weess, Mais, Raps oder Sonneblummen aus der Ukrain op hire Marché limitéieren. D’Länner, déi Nodeeler fir déi eege Bauere fäerten hate bei der Kommissioun ugefrot, des Mesuren ze verlängeren.

Keng Repercussiounen op Lëtzebuerg

Bréissel awer huet decidéiert, datt et keng Gefor méi fir Distortiounen um Maart gëtt, an d’Restriktiounen opgehuewen.

"Dat ass déi richteg Decisioun", huet den däitschen Agrarminister Cem Özdemir festgestallt.

"Die Informatiounen die wir haben sagen eindeutig, dass die Importe von den EU-Ländern gut absorbiert werden. Man braucht also keine Angst haben."

Lëtzebuerger Baueren hätten hei keng Repercussiounen ze fäerten, sot och den Agrarminister Claude Haagen zu Bréissel.

Eng Fro vu Solidaritéit

Fir den LSAP-Politiker ass d’Ophiewe vun de Restriktiounen och eng Fro vun der Solidaritéit mat der Ukrain

"Wann ee gesäit datt de Putin dohinner geet, datt en deene Länner, déi elo de Weess an d’Kären net kréien, déi Céréalen fir näischt unzebidden, da gesäit een datt d’Strategie vu Russland nach ëmmer ass, d’Liewensmëttel als Waff anzesetzen."

De Claude Haagen ënnersträicht, datt et an der Krich-Situatioun ëmsou méi wichteg ass um Europäeschen Niveau solidaresch ze sinn.

Hefteg Diskussiounen

Polen, Ungarn an och d’Slowakei awer gesinn dat anescht. Obschonn d’Europäesch Kommissioun an der EU zoustänneg fir den Handel ass, hu si unilateral decidéiert, weider den Import aus der Ukrain ze limitéieren. De Claude Haagen huet dofir kee Verständnis.

"Mir hunn an der EU ee System vum libre Echange a vun den Déngschter an dofir ass et fir mech erstaunlech, datt déi Länner dat unilateralement decidéieren."

D‘Ministeren hätten doriwwer hefteg diskutéiert. Den Däitschen Cem Özdemir schwätzt vun engem Verstouss géint EU-Recht. D’Europäesch Kommissioun muss aktiv ginn, fuerdert dowéinst den Éisträicher Norbert Totschnig.

"Wir fordern die Kommission auf, dafür zu sorgen, dass der Binnenmarkt funktioniert."

Reaktioun vun der Kommissioun nach onkloer

D’Ukrain envisagéiert eng Klo bei der Welthandelsorganisatioun géint déi dräi EU-Länner. Wat awer huet d’Europäesch Kommissioun Wëlles?

"Handelspolitik ass effektiv eng exklusiv Kompetenz vun der EU. All Aktivitéit muss op EU-Niveau decidéiert ginn. Dofir musse mer elo déi Mesuren ënnersichen an decidéieren, wat déi nächst Schrëtt sinn."

Soot eng Spriecherin vun der Kommissioun.

Net kloer also, ob Bréissel Wëlles huet, géint déi 3 Länner virzegoen, an och net wéi sech d’Kommissioun verhale wäert, wann dono eng Plainte géint Polen, Ungarn an d’Slowakei virun der WTO virleie géif

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Lauschterenplay_arrow