D’Petitioun hat méi wéi 5.300 Ënnerschrëfte gesammelt an domadder de Seuil vu 4.500 Stëmmen iwwerschratt, deen ee brauch, fir ëffentlech debattéiert ze ginn. De Bernard Clavien, Initiateur vun der Petitioun ënnersträicht, datt dës Mesure besonnesch deene Leit hëllefe soll, déi niddreg Renten hunn.
"Vill vun dëse Leit, déi an de Beräicher Restauratioun, Bau a Landwirtschaft geschafft hunn, hunn dacks méi kleng Renten, an eng zousätzlech Pensioun kéint hinnen eng Erliichterung bréngen an hëllefen, d‘Altersaarmut z'evitéieren."
Lëtzebuerger System gesäit schonn eng zousätzlech Joresausbezuelung vir
D'Gesondheetsministesch Martine Deprez huet wärend der Debatt erkläert, datt de lëtzebuergesche System schonn eng zousätzlech Joresausbezuelung ubitt, bekannt als d'Allocation de fin d’année. Dës Bezuelung gëtt all Joer un d'Liewenskäschten ugepasst an ass iwwer déi lescht zéng Joer ëm méi wéi 30 Prozent gewuess.
"Wann en eng ganz Karriär hat vu 40 Joer, da kritt een 958,94 Euro zum Schluss vum Joer mat ausbezuelt. Eng hallef Karriär dann d'Hallschent dovunner. Déi ass indexéiert a gëtt och reegelméisseg ajustéiert. Dat nächst Kéier wäert dat am Januar sinn."
Altersaarmut weider thematiséieren
Eng direkt Ëmsetzung vun enger 13. Rent ass elo mol net geplangt, esou d’Presidentin vun der Petitiounskommissioun no der Diskussioun.
D’Francine Closener begréisst allerdéngs datt d’Petitioun d’Thema Altersaarmut an de Fokus sëtzt.
"D'Madamm Minister huet dat och esou gesinn an huet och an Aussiicht gestallt, datt dann elo, wann dann déi Conclusioune gezu sinn intern an der Regierung, dass dann endlech eng Orientéierungsdebatt an der Chamber wäert stattfannen iwwert dat, wat d'Regierung wëlles huet an de Pensiounen ze maachen."
Et géif och drëms goen déi néideg Ajustementer ze maachen, fir d’Altersaarmut an de Grëff ze kréien, sou d’Francine Closener.
Dësen Debat soll Ufank Februar an der Chamber gefouert ginn.