search

/ Nei KI-Campagne: Chatbot fir Fonctionnairen a Kooperatioun mat franséischer Firma

National

|
headphones

3 min

Nei KI-Campagne: Chatbot fir Fonctionnairen a Kooperatioun mat franséischer Firma

Schonn am Juni d'lescht Joer haten d'Regierung zesumme mat der franséischer Entreprise Mistral AI hir Partnerschaft bekannt ginn. De Premier huet an deem Kader elo eng nei KI-Campagne presentéiert. Ënner anerem en Chatbot fir Fonctionnairen an ee fir all Bierger:innen um juristesche Portal LegiLux.

headphones

3 min

Arthur Mensch CEO vun Mistral AI, Premier Luc Frieden  | © 100,7
Arthur Mensch CEO vun Mistral AI, Premier Luc Frieden (Foto: 100,7)

Dës a weider Projete sinn am Kader vun der Campagne fir KI AI4LUX tëschent dem lëtzebuergesche Staat an der franséischer KI-Entreprise Mistral AI, vum CSV-Premier Luc Frieden an dem CEO vu Mistral Arthur Mensch virgestallt ginn. 

Et ass déi éischt Kooperatioun vun där Zort, déi e Land ageet. Deemno soll Kënschtlech Intelligenz zesumme mat der franséischer Entreprise déifgräifend beim Lëtzebuerger Staat mee och fir d’Bierger:innen agesat ginn. 

Donnéeë gi lokal gespäichert

Duerch de Chatbot LeChat vun der franséischer Entreprise Mistral AI, deen an de kommende Wochen a Méint de Staatsbeamte soll zur Verfügung gestallt ginn, solle Staatsbeamte méi séier Dokumenter duerchsichen an op Informatiounen zeréckgräife kënnen, andeems si einfach de Chatbot froen. De Virdeel bei dëser KI läit dobäi, datt Donnéeë sécher lokal gespäichert ginn an net iwwer eng Cloud, wéi de Premierminister Luc Frieden erkläert.

“Ce qui est très important pour nous aussi dans le domaine de la souveraineté et de la sécurité, c'est que toutes ces solutions sont sur site, c'est à dire dans notre infrastructure et non pas dans le cloud. 

Virdeeler bei der Jobsich

Nieft dem Chatbot fir d’Staatsbeamte soll och e Chatbot fir d’Bierger:innen op der Plattform Legilux entstoen, fir do beispillsweis méi séier Gesetzer erëmfannen ze kënnen. Iwwerdeems soll mat Hëllef vun der KI Kompetenze vun de Leit an der Aarbechtswelt zesummegedroe ginn, wat besonnesch der ADEM kéint hëllefen, esou nach de Luc Frieden. Mee och an anere Beräicher wëllt ee verstäerkt op d’Servicer vu Mistral AI zeréckgräifen. Beispillsweis d’Risiken duerch meteorologesch Evolutioune besser berechnen an doduerch méi resistent ze ginn.

Bewosst Kooperatioun mat europäescher Entreprise

Och wann ee weiderhi mat amerikaneschen Entreprisë kooperéiere wéilt an oppe fir Technologie aus aller Welt wier, hätt ee sech an deem heite Fall bewosst fir eng Entreprise aus Europa, an dësem Fall aus Frankräich, entscheet, esou de Luc Frieden.

“Je crois que là où il y a des compétences européennes, nous sommes là pour les soutenir. Et c'est pour ça que c'était un choix politique de notre part de le faire avec une société européenne, une société française en l'occurrence, et ne pas le faire avec d'autres.”

Tripartite mat de Gewerkschaften an dem Patronat

Momentan leeft de Kontrakt mat Mistral AI op dräi Joer, dat mat enger Optioun op 5 Joer. De Käschtepunkt läit bei circa 40 Milliounen Euro. Natierlech géif een als Staat op d’Käschte kucken, mee hei wier et dat wichtegst d’Land mat Hëllef vun der KI no vir ze bréngen, esou nach de Premierminister Luc Frieden.

Et géif also drëms goen d'Leit ze sensibiliséieren an op deem "Wee ze begleeden", esou de Premierminister Luc Frieden zu där neier KI-Campagne AI4LUX. Dofir wéilt hien och eng Tripartite mat de Gewerkschaften an dem Patronat aberuffen. Well hei géif et ëm e Sujet goen, deen all Mënsch eppes ugeet. 

Lauschtert hei d'Erklärunge vum Maurice Molitor.