arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei KI-Campagne: Chatbot fir Fonctionnairen a Kooperatioun mat franséischer Boîte

National

|
headphones

3 min

Nei KI-Campagne: Chatbot fir Fonctionnairen a Kooperatioun mat franséischer Boîte

Schonn am Juni d'lescht Joer haten d'Regierung zesumme mat der franséischer Entreprise Mistral AI hier Partnerschaft bekannt ginn. De Premier huet an dem Kader elo eng nei KI-Campagne presentéiert. Ënner aanerem en Chatbot fir Fonctionnairen an ee fir all Bierger:innen um juristesche Portal LegiLux.

headphones

3 min

Arthur Mensch CEO vun Mistral AI, Premier Luc Frieden  | © 100,7
Arthur Mensch CEO vun Mistral AI, Premier Luc Frieden (Foto: 100,7)

Dës a weider Projeten sinn am Kader vun der Campagne fir KI AI4LUX tëschent dem Lëtzebuergesche Staat an der franséischer KI-Entreprise Mistral AI, vum CSV-Premier Luc Frieden an dem CEO vu Mistral Arthur Mensch virgestallt ginn. 

Et ass déi éischt Kooperatioun vun där Zort, déi e Land ageet. Deemno soll kënschtlech Intelligenz zesumme mat der franséischer Boîte déifgräifend beim Lëtzebuerger Staat mee och fir d’Bierger agesat ginn. 

Donnéeë ginn lokal gespäichert

Duerch de Chatbot LeChat, vun der franséischer Entreprise Mistral AI, deen an de kommende Wochen a Méint de Staatsbeamte soll zur Verfügung gestallt ginn, solle Staatsbeamte méi séier Dokumenter duerchsichen an op Informatiounen zeréckgräife kënnen andeem si einfach de Chatbot froen. De Virdeel bei dëser KI läit dobäi, datt Donnéeë sécher lokal gespäichert ginn a net iwwer eng Cloud, wéi de Premierminister Luc Frieden erkläert.

“Ce qui est très important pour nous aussi dans le domaine de la souveraineté et de la sécurité, c'est que toutes ces solutions sont sur site, c 'est à dire dans notre infrastructure et non pas dans le cloud. 

Virdeeler bei der Jobsich

Nieft dem Chatbot fir d’Staatsbeamten, soll och e Chatbot fir d’Bierger op der Plattform Legilux entstoen, fir do beispillsweis méi séier Gesetzer erëmfannen ze kënnen. Iwwerdeems soll mat Hëllef vun der KI Kompetenze vun de Leit an der Aarbechtswelt zesummegedroe ginn, wat besonnesch der ADEM kéint hëllefen, esou nach de Luc Frieden. Mee och an anere Beräicher, wéi dem wëll ee verstäerkt op d’Servicer vu Mistral AI zeréckgräifen. Beispillsweis d’Risiken duerch meteorologesch Evolutioune besser ze berechnen an doduerch méi resistent ze ginn.

Bewosst Kooperatioun mat europäescher Entreprise

Och wann ee weiderhi mat amerikanesche Boîtte kooperéiere wéilt an oppe fir Technologie aus aller Welt wier hätt een sech an deem heite Fall bewosst fir eng Entreprise aus Europa, an dësem Fall aus Frankräich entscheet. Luc Frieden.

“Je crois que là où il y a des compétences européennes, nous sommes là pour les soutenir. Et c 'est pour ça que c 'était un choix politique de notre part de le faire avec une société européenne, une société française en l 'occurrence, et ne pas le faire avec d 'autres.”

Tripartite mat de Gewerkschaften an dem Patronat

Momentan leeft de Kontrakt mat Mistral AI op dräi Joer, dat mat enger Optioun op 5 Joer. De Käschtepunkt läit bei circa 40 Milliounen Euro. Natierlech géif een als Staat op d’Käschte kucke mee hei wier et dat wichtegst d’Land mat Hëllef vun der KI no vir ze bréngen, esou nach de Premierminister Luc Frieden.

Et géif also drëms goen d'Leit ze sensibiliséieren an op dem "Wee ze begleeden", esou de Premierminister Luc Frieden zu där neier KI-Campagne AI4LUX. Dofir wéilt hien och eng Tripartite mat de Gewerkschaften an dem Patronat aberuffen. Well hei géif et ëm e Sujet goen deen all Mënsch eppes ugeet.