Radioen

On air

One World  |  Flower of the soul

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ USA riskéiert erëm e „Shutdown“

Amerika

USA riskéiert erëm e „Shutdown“

De Senat an domat déi ganz Regierungsgeschäfter riskéiere brooch ze leien. Am Budgetssträit muss bis Enn dës Mounts een Accord fonnt ginn, soss ass d‘ganzt Land blockéiert. Dat politescht Hin an Hir ëm den amerikanesche Staatsbudget ass all Joer op en Neits. An der Reegel gëtt een Iwwergangs-Budget decidéiert.

auto_stories

1 min

Kapitol Washington | © PartTime Portraits / Unsplash
Kapitol Washington (Foto: PartTime Portraits / Unsplash)

Sou een huet de Senat zu Washington och elo virgeluecht. Wéi amerikanesch Medie mellen, hätten d‘Senateure gëschter Owend parteiiwwergräifend fir dee Kompromëss gestëmmt, dee gesäit e provisoreschen Iwwergangsbudget bis de 17. November vir. Dee Kompromëss muss awer och nach am Representantenhaus gestëmmt ginn.