Zil ass et déi russesch militäresch Liwwerketten an d‘Viséier ze huelen, an dem Regime vum Wladimir Putin Ausrëschtung, Technologien a Servicer ze entzéien, déi hie fir de barbaresche Krich a der Ukrain brauch sot déi amerikanesch Finanzministerin Janet Yellen..
Iwwerdeems gouf gëschter bekannt, datt den ukrainesche President Wololdymyr Selsenskyj d‘nächst Woch engersäits eng Ried virun der UNO Vollversammlung wëllt halen, duerno soll hien och op Washington an d'Wäisst Haus bei den US President Joe Biden reesen.